JÜNGER MAACHEN
LEKTIOUN 10
Sech voll a ganz asetzen
Grondsaz: „Mir [wollten] net nëmmen d’gutt Noriicht vu Gott mat iech deelen, mee och eist Liewe selwer, well dir eis esou wichteg gi waart“ (1. Thes. 2:8, BFL)
Wéi Jesus virgaang ass
1. De VIDEO kucken, oder Johannes 3:1, 2 liesen. Dozou dës Froen:
-
Wat kéint eng Ursaach gewiescht sinn, firwat den Nikodemus léiwer nuets bei Jesus gaang ass? (Dozou Johannes 12:42, 43.)
-
Jesus war bereet, den Nikodemus an der Nuecht ze treffen. Wéi huet Jesus doduerch gewisen, datt et him wichteg war, Jünger ze maachen?
Wat léiere mir vu Jesus?
2. Mir weisen de Mënschen eis Léift, andeem mir eis voll a ganz fir si asetzen an hinnen hëllefen, Jünger ze ginn.
Maach et ewéi Jesus
3. Studéier zu enger Zäit an op enger Plaz, déi däi Bibelschüler arrangéiert. Fir hien ass vläicht e bestëmmten Dag oder eng bestëmmten Auerzäit am beschten. Wëll hie léiwer op der Aarbecht, doheem oder op enger anerer Plaz studéieren? Maach däi Bescht, dech no him ze riichten.
4. Studéier reegelméisseg. Wann et bei dir net goe sollt, da so de Studium net direkt of. Fro dech:
5. Biet ëm déi richteg Astellung. Fro Jehova, dir ze hëllefen, däi Bibelschüler net ze schnell opzeginn, wann et him schwéierfält, reegelméisseg ze studéieren oder dat ëmzesetzen, wat hie léiert (Phil. 2:13). Biet Jehova ëm Hëllef, fir dech op déi gutt Eegenschafte vun dengem Bibelschüler ze konzentréieren.