Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

JÜNGER MAACHEN

LEKTIOUN 11

Op eng einfach Aart a Weis léieren

Op eng einfach Aart a Weis léieren

Grondsaz: „Esou ass et och, wann dir mat der Zong Wierder gebraucht, déi net liicht ze verstoe sinn. Wéi soll een do wëssen, wat gesot gëtt?“ (1. Kor. 14:9)

Wéi Jesus virgaang ass

1. De VIDEO kucken, oder Matthäus 6:25-27 liesen. Dozou dës Froen:

  1.    Wat fir e Verglach huet Jesus gebraucht fir ze weisen, datt Jehova fir eis suergt?

  2.   Op wat fir en Detail huet Jesus sech konzentréiert, obschonn hien nach vill méi iwwer d’Vigel hätt kënnen erzielen? Firwat war dat eng effikass Method ze léieren?

Wat léiere mir vu Jesus?

2. Wa mir op eng einfach Aart a Weis léieren, verhält eise Vis-à-vis besser, wat mir gesot hunn a mir beréieren säin Häerz.

Maach et ewéi Jesus

3. Schwätz net ze vill. Amplaz alles ze erzielen, wat s du zu engem Theema weess, konzentréier dech op dat, wat an der Publikatioun steet. Wann s du eng Fro stells, waart gedëlleg op d’Äntwert. Wann hien d’Äntwert net weess oder eppes seet, wat deem widdersprécht, wat d’Bibel seet, da stell zousätzlech Froen, déi him hëllefen, zur richteger Conclusioun ze kommen. Wann hien den Haaptpunkt verstanen huet, da fuer mam nächste Punkt weider.

4. Hëllef dengem Bibelschüler Neies mat deem ze verbannen, wat hie scho weess. Éier s du zum Beispill mat der Lektioun iwwer d’Operstéiung ufänks, kéints du kuerz widderhuelen, wat hie schonn iwwer den Zoustand vun den Doudege geléiert huet.

5. Iwwerlee gutt, wéi s du e Verglach asetz. Fro dech fir d’éischt:

  1.    Ass de Verglach einfach?

  2.   Versteet mäi Bibelschüler de Verglach?

  3.   Hëllefen ech him domat, de Léierpunkt ze verhalen – an net nëmmen de Verglach?