Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

ZOUSAZMATERIAL A

Wouerechten, déi mir gär weiderginn

Wouerechten, déi mir gär weiderginn

Jesus sot, datt Mënschen, déi en opriichtegt Häerz hunn, d’Wouerecht erkennen, wann si dovun héieren (Joh. 10:4, 27). Dofir wëlle mir allkéiers, wa mir mat Mënschen am Gespréich sinn, iwwer einfach bibelesch Wouerechte schwätzen. Du kéints mat enger Fro ufänken ewéi: „Wousst Dir, datt …?“ oder „Hutt Dir schonn emol héieren, datt …?“ Gebrauch dann déi passend Bibeltexter, fir dës Wouerechten ze erklären. Esou kann eng einfach bibelesch Wouerecht e Som sinn, deen an d’Häerz vun enger Persoun geséit gëtt. Jehova kann dëse Som wuesse loossen (1. Kor. 3:6, 7).

 ZUKUNFT

  1. 1. Déi aktuell Weltsituatioun an d’Verhale vun de Leit weist, datt eng Ännerung nobäi ass (Mat. 24:3, 7, 8; Luk. 21:10, 11; 2. Tim. 3:1-5).

  2. 2. D’Äerd gëtt ni zerstéiert (Ps. 104:5; Pred. 1:4).

  3. 3. D’Auswierkunge vun der Ëmweltverschmotzung gi réckgängeg gemaach (Jes. 35:1, 2; Offb. 11:18).

  4. 4. Jiddereen huet eng perfekt Gesondheet (Jes. 33:24; 35:5, 6).

  5. 5. Du kanns fir ëmmer op der Äerd liewen (Ps. 37:29; Mat. 5:5).

 FAMILL

  1. 6. E Mann soll seng Fra geneesou „gär hunn ewéi sech selwer“ (Eph. 5:33; Kol. 3:19).

  2. 7. Eng Fra soll hire Mann vun Häerze respektéieren (Eph. 5:33; Kol. 3:18).

  3. 8. Mann a Fra sollen sech trei sinn (Mal. 2:16; Mat. 19:4-6, 9; Heb. 13:4).

  4. 9. Wann d’Kanner hiren Eltere follegen an si respektéieren, geet et hinne gutt (Spr. 1:8, 9; Eph. 6:1-3).

NASA, ESA and the Hubble Heritage Team (STScI/AURA)-ESA/Hubble Collaboration. Licensed under CC BY 4.0. Source.

 GOTT

  1. 10. Gott huet en Numm (Ps. 83:18; Jer. 10:10).

  2. 11. Gott deelt sech eis mat (2. Tim. 3:16, 17; 2. Pet. 1:20, 21).

  3. 12. Gott ass fair an net parteiesch (5. Mo. 10:17; Apg. 10:34, 35).

  4. 13. Gott wëll eis hëllefen (Ps. 46:1; 145:18, 19).

 GEBIET

  1. 14. Gott wëll, datt mir zu him bieden (Ps. 62:8; 65:2; 1. Pet. 5:7).

  2. 15. D’Bibel weist eis, wéi mir biede sollen (Mat. 6:7-13; Luk. 11:1-4).

  3. 16. Mir sollen oft bieden (Mat. 7:7, 8; 1. Thes. 5:17).

 JESUS

  1. 17. Jesus hat eng ganz gutt Aart fir ze léieren. Säi Rot ëmzesetzen, ass ëmmer vu Virdeel (Mat. 6:14, 15, 34; 7:12).

  2. 18. Jesus huet Evenementer virausgesot, déi mir haut beobachte kënnen (Mat. 24:3, 7, 8, 14; Luk. 21:10, 11).

  3. 19. Jesus ass Gott säi Jong (Mat. 16:16; Joh. 3:16; 1. Joh. 4:15).

  4. 20. Jesus ass net den allmächtege Gott (Joh. 14:28; 1. Kor. 11:3).

Based on NASA/Visible Earth imagery

 GOTT SÄI KINNEKRÄICH

  1. 21. Gott säi Kinnekräich ass eng reell Regierung am Himmel (Dan. 2:44; 7:13, 14; Mat. 6:9, 10; Offb. 11:15).

  2. 22. Gott säi Kinnekräich ersetzt all déi mënschlech Regierungen (Ps. 2:7-9; Dan. 2:44).

  3. 23. Nëmme Gott säi Kinnekräich kann d’Problemer vun der Mënschheet léisen (Ps. 37:10, 11; 46:9; Jes. 65:21-23).

 MISÄR

  1. 24. Gott ass net schold, wa mir leiden (5. Mo. 32:4; Jak. 1:13).

  2. 25. Eis Welt gëtt vum Däiwel beherrscht (Luk. 4:5, 6; 1. Joh. 5:19).

  3. 26. Gott gesäit, wa mir leiden a wëll eis hëllefen (Ps. 34:17-19; Jes. 41:10, 13).

  4. 27. Gott mécht dem Misär geschwënn en Enn (Jes. 65:17; Offb. 21:3, 4).

 DOUD

  1. 28. Déi Verstuerwe kréien näischt méi mat a leiden net (Pred. 9:5; Joh. 11:11-14).

  2. 29. Déi Verstuerwe kënnen eis weeder hëllefen nach schueden (Ps. 146:4; Pred. 9:6, 10).

  3. 30. Déi Verstuerwe kréien eng Operstéiung (Hiob 14:13-15; Joh. 5:28, 29; Apg. 24:15).

  4. 31. Den Doud gëtt et net méi (Offb. 21:3, 4; Jes. 25:8).

 RELIOUN

  1. 32. Gott ass net mat alle Reliounen averstanen (Jer. 7:11; Mat. 7:13, 14, 21-23).

  2. 33. Gott haasst en heuchlerescht Verhalen (Jes. 29:13; Mi. 3:11; Mar. 7:6-8).

  3. 34. Echt Léift ass charakteristesch fir déi richteg Relioun (Mi. 4:3; Joh. 13:34, 35).