Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

ZOUSAZMATERIAL B

Wéini soll een e Gespréich ofbriechen?

Wéini soll een e Gespréich ofbriechen?

Wann een eng opriichteg Fro stellt oder eng Erklärung zu engem Theema wëll hunn, si mir gär bereet, d’Gespréich virunzeféieren. Mir schwätze gär mat Mënschen, „déi zum éiwege Liewe richteg agestallt“ sinn (Apg. 13:48).

Wat ass, wann eng Persoun streide wëll, nëmmen op Diskussiounen aus ass oder guer net mat eis schwätze wëll? Dann ass et am beschten, roueg ze bleiwen an d’Gespréich frëndlech ofzebriechen (Spr. 17:14). Beméi dech, am Gudden auserneen ze goen, esou datt d’Persoun vläicht spéider fir e Gespréich bereet ass (1. Pet. 2:12).