Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

ZOUSAZMATERIAL C

Wéi ee mam Buch Glécklech fir ëmmer e Bibelcours duerchféiert

Wéi ee mam Buch Glécklech fir ëmmer e Bibelcours duerchféiert

D’Buch Glécklech fir ëmmer ass d’Resultat vu ville Gebieder an intensivem Nofuerschen. Fir dës Publikatioun bei engem Bibelcours beschtméiglech ze notzen, géi op follgend Aart a Weis vir:

Virum Bibelcours

  1. 1. Bereet dech grëndlech vir. Denk dobäi un d’Bedierfnesser, d’Ëmstänn an d’Usiichte vum Bibelschüler. Iwwerlee, bei wat fir Punkten hien eventuell Hëllef brauch, fir si ze verstoen oder ëmzesetzen. Kuck bei „Méi gewuer ginn“, ob eppes dobäi ass, wat dem Bibelschüler hëllefe kann. Wa jo, da maach wärend dem Cours Gebrauch dovun.

Wärend dem Bibelcours

  1. 2. Biet virum Bibelcours an och dono, wann de Bibelschüler domat averstanen ass.

  2. 3. Pass op, datt s du selwer net zevill schwätz. Bleif bei deem, wat am Buch steet. Gëff dem Bibelschüler d’Geleeënheet, seng Gedanken ze äusseren.

  3. 4. Wann s du en neien Deel ufänks, lies de Fokus vun dësem Deel an erwän d’Titele vun e puer Lektiounen.

  4. 5. Wann en Deel ofgeschloss ass, géi mam Bibelschüler de Réckbléck duerch, fir him ze hëllefen, sech un dat ze erënneren, wat hie geléiert huet.

  5. 6. Géi bei all Lektioun op dës Aart a Weis vir:

    1. Lies déi eenzel Abschnitter.

    2. Lies d’Bibeltexter, wou „Lies“ dobäi steet.

    3. Lies déi aner Bibeltexter, falls néideg.

    4. Weis de Video, wou „De Video kucken“ dobäi steet (falls et méiglech ass).

    5. Stell dem Bibelschüler d’Froen, déi an der Lektioun stinn.

    6. Kuckt iech d’Biller ënner „An den Detail goen“ un a fro de Bibelschüler, sech dozou ze äusseren.

    7. Hëllef dem Bibelschüler mam „Zil“, sech Gedanken ze maachen iwwer säi Fortschrëtt. Ermonter hien, dëst Zil ze erreechen, sech en anert Zil ze setzen, oder béides.

    8. Fro de Bibelschüler, ob him bei senger Virbereedung ënner „Méi gewuer ginn“ eppes besonnesch gutt gefall huet.

    9. Probéier allkéiers, eng ganz Lektioun duerchzehuelen.

Nom Bibelcours

  1. 7. Denk iwwer däi Bibelschüler no. Biet zu Jehova, datt hien dengem Bibelschüler hëlleft, Fortschrëtter ze maachen an dir déi néideg Weisheet ze ginn, erauszefannen, wéi s du him hëllefe kanns.