Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

Mir brauchen eng besser Welt!

Mir brauchen eng besser Welt!

„Eis Welt ass komplett op der Kopp“, sot den António Guterres, Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen. Gesitt Dir dat och esou?

Mir héieren esou vill schrecklech Noriichten:

  • Krankheeten a Pandemien

  • Naturkatastrophen

  • Aarmut an Hongersnout

  • Ëmweltverschmotzung a global Erwiermung

  • Kriminalitéit, Gewalt a Korruptioun

  • Kricher

Ouni Zweiwel brauche mir eng besser Welt. Mir brauchen:

  • Perfekt Gesondheet

  • Sécherheet

  • Genuch ze iessen

  • Eng propper Ëmwelt

  • Gerechtegkeet

  • Weltwäite Fridden

Wat ass mat enger besserer Welt gemengt?

Wat geschitt mat eiser Welt?

Wat kënne mir maachen, fir an enger besserer Welt ze liewen?

Wat d’Bibel dozou seet, ass berouegend. An dëser Ausgab vum Wachtturm gitt Dir méi gewuer.