Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

Geet dës Welt op en Enn?

Geet dës Welt op en Enn?

Vläicht hutt Dir schonn emol héieren, datt d’Bibel vum Enn vun der Welt schwätzt (1. Johannes 2:17). Ass domat d’Enn vun der Mënschheet gemengt? An heescht dat, datt eis Äerd eng Kéier komplett brooch läit oder esouguer ganz zerstéiert gëtt?

D’BIBEL ÄNTWERT MAT ENGEM KLOREN NEE!

Wat geet net op en Enn?

DʼMËNSCHHEET

DʼBibel seet: Gott ass deen, deen d’Äerd „nicht umsonst erschuf, sondern sie formte, damit sie bewohnt wird“ (JESAJA 45:18)

DʼÄERD

DʼBibel seet: „Eine Generation geht, eine Generation kommt, aber die Erde bleibt für immer“ (PREDIGER 1:4)

WAT DAT HEESCHT: D’Bibel erkläert, datt dʼÄerd net zerstéiert gëtt an ëmmer bewunnt bleift. Awer wat ass da mam Enn vun der Welt gemengt?

FIR NOZEDENKEN: D’Bibel vergläicht d’Enn vun der Welt mat der Zäit vum Noah. Deemools war d’Äerd voller Gewalt (1. Mose 6:13). Awer den Noah war gerecht. Dowéinst huet Gott hien a seng Famill um Liewe gelooss, wéi hien déi béis Mënschen an der Sintflut vernicht huet. D’Bibel seet iwwer déi Zäit: „Duerch Waasser gouf d’Welt deemools zerstéiert, wéi si mat Waasser iwwerschwemmt gouf“ (2. Petrus 3:6, BFL). Dat war d’Enn vun där deemoleger Welt. Wat ass dann do vernicht ginn? Net d’Äerd un sech, mee déi béis Mënschen op der Äerd. Wann d’Bibel also vum Enn vun der Welt schwätzt, da mengt si domat net d’Zerstéierung vun eiser Äerd, mee villméi d’Enn vu béise Mënschen a vun där Welt, déi si opgebaut hunn.

Wat geet op en Enn?

PROBLEMER A BÉISES

DʼBibel seet: „Nur noch kurze Zeit und die Bösen gibt es nicht mehr. Du wirst dorthin schauen, wo sie waren, aber sie sind nicht mehr da. Doch Menschen mit einem sanften Wesen werden die Erde besitzen, und sie werden größte Freude verspüren an Frieden im Überfluss“ (PSALM 37:10, 11)

WAT DAT HEESCHT: Zur Zäit vum Noah ass dat Béist net ee fir allemol ausgeläscht ginn. Béis Mënschen hunn aneren d’Liewen ëmmer erëm schwéier gemaach. Mee Gott mécht geschwënn deene Béise fir ëmmer en Enn. Genee esou, wéi de Psalmist gesot huet: „Die Bösen gibt es nicht mehr“. Gott mécht dat duerch säi Kinnekräich – eng Regierung, déi vum Himmel aus iwwer gerecht Mënsche regéiert.

FIR NOZEDENKEN: Ass domat ze rechnen, datt dʼRegierunge vun haut dëst Kinnekräich akzeptéieren? Nee, am Géigendeel. Esou onverstänneg wéi dat och kléngt, weist dʼBibel, datt si sech Gott senger Herrschaft widdersetzen (Psalm 2:2). Mat wéi engem Resultat? Gott säi Kinnekräich ersetzt dann all mënschlech Regierungen an „bleift fir ëmmer bestoen“ (Daniel 2:44). Firwat muss dëse Regierungen en Enn gemaach ginn?

MIR BRAUCHEN: En Enn vu mënschleche Regierungen

DʼBibel seet: „Es steht dem Menschen nicht zu, auf seinem Lebensweg auch nur seinen Schritt zu lenken“ (JEREMIA 10:23)

WAT DAT HEESCHT: D’Mënsche sinn net dofir gemaach, fir iwwer aner Mënschen ze regéieren. Wann si iwwer anerer herrschen a probéieren d’Problemer vun de Mënschen ze léisen, kënnt net vill Guddes dobäi eraus.

FIR NOZEDENKEN: D’Wierk Britannica Academic seet dozou, datt et schéngt, wéi wa Regierungen net kapabel sinn, „global Problemer ewéi Aarmut, Honger, Krankheeten, Naturkatastrophen, Kricher a Gewalt an de Grëff ze kréien.“ Weider gëtt gesot: „Verschiddener ... mengen, datt nëmmen eng Weltregierung all deene Problemer kann entgéintwierken.“ Allerdéngs géif d’Welt dann ëmmer nach vun net perfekte Mënsche regéiert ginn, déi déi opgezielte Problemer net gemeeschtert kréien. Gott säi Kinnekräich ass déi eenzeg Regierung, déi wierklech all global Problemer fir ëmmer léise kann.

Der Bibel no musse gutt Mënschen also keng Angscht virum Enn vun der Welt hunn. Am Géigendeel: Si kënnen sech dorop freeën, well dës al a futtis Welt duerch Gott seng wonnerbar nei Welt ersat gëtt!

Awer wéini ass et esou wäit? Den nächsten Artikel weist d’Äntwert aus der Bibel.