Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

Wat ee maache muss, fir an der neier Welt ze liewen

Wat ee maache muss, fir an der neier Welt ze liewen

Wéi mir gesinn hunn, mécht Gott der gottloser mënschlecher Gesellschaft mat all hire Problemer geschwënn en Enn. Mir kënnen eis sécher sinn, datt dat geschitt. Firwat? Well Gott säi Wuert, d’Bibel, eis versprécht:

„Die Welt vergeht“ (1. JOHANNES 2:17)

Et gi garantéiert Mënschen, déi iwwerliewen, well dëse Bibeltext weider seet:

„Wer ... nach dem Willen Gottes lebt, bleibt für immer“

De Schlëssel fir ze iwwerliewen ass also, dat ze maachen, wat Gott wëll. A fir erauszefannen, wat säi Wëllen ass, muss een hie kenne léieren.

D’ENN IWWERLIEWEN, ANDEEM EE GOTT KENNE LÉIERT

Jesus sot: „Das bedeutet ewiges Leben: dich, den allein wahren Gott, kennenzulernen“ (Johannes 17:3). Fir d’Enn ze iwwerliewen an éiwegt Liewen ze kréien, musse mir Gott also kenne léieren. Domat ass méi verbonnen, ewéi nëmmen ze gleewen, datt et hie gëtt oder just e puer Fakten ze kennen. Mir mussen eng Frëndschaft mat him opbauen. A fir datt eng Frëndschaft staark gëtt, muss een Zäit matenee verbréngen. Mat Gott ass et net anescht. Et ginn e puer grondleeënd Wouerechten an der Bibel, déi eis hëllefen, eng Frëndschaft mat Gott opzebauen an ze verdéiwen.

ALL DAG AN DER BIBEL LIESEN

Et kann een d’Enn vun der Welt iwwerliewen, wann ee Gott am Gebiet ëm Hëllef freet an esou lieft, ewéi et him gefält

Mir musse reegelméisseg iessen, fir um Liewen ze bleiwen. Mee Jesus sot: „De Mënsch lieft net eleng vum Brout, mee vu jidder Wuert, dat aus dem Mond vu Gott kënnt“ (Matthäus 4:4, BFL).

Haut fanne mir Jehova seng Wierder an der Bibel. Wann ee sech mat deem hellege Buch méi genee beschäftegt, gëtt ee gewuer, wéi Gott an der Vergaangenheet mat de Mënschen ëmgaangen ass, wat hien elo an och an Zukunft mécht.

GOTT ËM HËLLEF FROEN

Wat kënne mir maachen, wann et eis schwéier fält, op Gott säi Rot ze lauschteren? Gott kennen ze léieren hëlleft eis dann op eng besonnesch Aart a Weis.

Eng Fra, déi mir Sakura nennen, huet en onmoralescht Liewe gefouert. Bei hirem Bibelcours huet si Gott säi Gebot kenne geléiert: „Flieht vor sexueller Unmoral“ (1. Korinther 6:18). D’Sakura huet zu Gott ëm Kraaft gebiet a konnt mat dëser schlechter Gewunnecht ophalen. Awer de Kampf géint Versuchunge war domat nach net eriwwer. „Wann ech onmoralesch Gedanke kréien“, seet d’Sakura, „da schwätzen ech ganz éierlech mat Jehova doriwwer, well ech weess, datt ech et net eleng packen. D’Gebiet huet mech Jehova wierklech méi no bruecht.“ Esou ewéi d’Sakura, léiere Millioune Mënsche Gott kennen. Hie gëtt hinnen d’Kraaft, fir déi néideg Ännerungen an hirem Liewen ze maachen an him doduerch ze gefalen (Philipper 4:13).

Wat ee Gott besser kenne léiert, wat ee méi vun him als wäertvolle Frënd ugesi gëtt (Galater 4:9; Psalm 25:14). Dat ass eng wichteg Viraussetzung, fir a Gott seng nei Welt ze kommen. Mee wéi gesäit et dann do aus? Den nächsten Artikel gëtt eis d’Äntwert.

a Der Bibel no ass Gott säin Numm Jehova.