Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

Et kann een sech elo schonn op déi nei Welt virbereeden

Eng nei Welt ass nobäi!

Eng nei Welt ass nobäi!

Gott huet d’Äerd erschafen, fir datt gerecht Mënsche fir ëmmer dorop liewe kënnen (Psalm 37:29). Hien huet der éischter Koppel, dem Adam an dem Eva, e wonnerschéint Doheem ginn, de Gaart Eden. Si an hir Nokomme kruten d’Verantwortung, fir en ze fleegen an sech gutt ëm déi ganz Äerd ze këmmeren (1. Mose 1:28; 2:15).

Haut ass d’Äerd awer alles anescht ewéi e Paradis. Mee Gott säi Virsaz ass nach ëmmer dee selwechten. Wéi setzt hie säi Plang ëm? Wéi mir scho gesinn hunn, wëll Gott d’Äerd net zerstéieren, mee trei Mënschen dorop liewe loossen. Wéi gesäit et dann op der Äerd aus, wa Gott seng Verspriechen erfëllt?

Eng eenzeg Regierung

Geschwë regéiert Gott vum Himmel aus iwwer d’Äerd. Da sinn d’Mënschen all glécklech, liewen harmonesch zesummen an hunn Aarbecht, déi Freed mécht. Gott huet Jesus Christus als Kinnek agesat. Ganz anescht ewéi vill Herrscher haut, ass Jesus wierklech un de Mënschen interesséiert. Seng Regierung baséiert op Léift an dowéinst ass hien e frëndlechen, baarmhäerzegen a faire Kinnek (Jesaja 11:4).

Weltwäit Eenheet

Déi nei mënschlech Gesellschaft ass net méi duerch Nationalitéit oder ethnesch Originne getrennt. D’Mënsche sinn dann all vereent (Offenbarung 7:9, 10). Si hu Gott an hir Matmënsche gär a schaffe friddlech zesummen, fir sech ëm hiert Doheem ze këmmeren. Genee esou hat Gott et vun Ufank u virgesinn (Psalm 115:16).

An Harmonie mat der Natur

Wa Gott säi Kinnekräich regéiert, bréngt de Schöpfer d’Klima ërem an d’Gläichgewiicht (Psalm 24:1, 2). Wéi Jesus op der Äerd war, hat hie kee Problem e schlëmme Stuerm ze berouegen. Doduerch huet hie gewisen, wat hie mat Gott senger Kraaft fäerdegbréngt (Markus 4:39, 41). Mat Jesus als Kinnek brauch kee méi Angscht virun Naturkatastrophen ze hunn. D’Harmonie tëschent dem Mënsch an der Natur gëtt duerch Gott säi Kinnekräich ërem hiergestallt (Hosea 2:18).

Perfekt Gesondheet an Iessen am Iwwerfloss

All Mënsch huet dann eng perfekt Gesondheet. Et gëtt kee méi al a krank, an et stierft och kee méi (Jesaja 35:5, 6). Esou wéi déi éischt Koppel am Gaart Eden, freeë mir eis dann och iwwer eng schéin a propper Ëmwelt. De Buedem produzéiert dann Iessen am Iwwerfloss fir jiddwereen (1. Mose 2:9). Gott sot sengem deemolege Vollek Israel: „Ihr werdet euer Brot essen, bis ihr satt seid“ (3. Mose 26:4, 5). Esou gëtt et och am Paradis.

Echte Fridden a Sécherheet

Ënner Gott senger Regierung gëtt et Fridden an d’Mënsche gi léif a fair mateneen ëm. Et ginn da keng Kricher méi a keng Mënschen, déi hir Muecht mëssbrauchen. Et muss och kee méi struewelen, fir iwwer d’Ronnen ze kommen, well d’Bibel versprécht: „Jeder wird unter seinem Weinstock und unter seinem Feigenbaum sitzen, und niemand wird ihnen Angst machen“ (Micha 4:3, 4).

E schéint Doheem an Aarbecht, déi frou mécht

A Gott senger neier Welt huet all Famill hiert eegent Doheem an et muss keen Angscht hunn, verdriwwen ze ginn. All eenzelnen huet Aarbecht, déi sënnvoll ass a glécklech mécht. Wéi d’Bibel seet, schafft da kee méi, fir dono awer näischt dovun ze hunn (Jesaja 65:21-23).

Déi bescht Bildung

D’Bibel garantéiert eis: „Die Erde wird ganz bestimmt von der Erkenntnis über Jehova erfüllt sein“ (Jesaja 11:9). All déi Mënschen, déi ënner Gott senger Regierung liewen, profitéieren da vun hirem Schöpfer senger onendlecher Weisheet. Si kënnen all déi schéi Saachen erfuerschen, déi hie gemaach huet. Dat, wat si léieren, mëssbrauchen si net, fir Waffen hierzestellen oder fir aneren ze schueden (Jesaja 2:4). Am Geigendeel, si léiere friddlech mateneen ze liewen an sech anstänneg ëm d’Äerd ze këmmeren (Psalm 37:11).

Éiwegt Liewen

Gott huet sech vill Méi gemaach, fir d’Äerd esou ze gestalten, datt mir d’Liewen all Dag dorop genéisse kënnen. Hie wëll, datt d’Mënsche fir ëmmer op der Äerd liewen (Psalm 37:29; Jesaja 45:18). A fir dëse Virsaz ëmzesetzen, eliminéiert Gott den Doud fir ëmmer (Jesaja 25:8). D’Bibel versprécht: „Den Tod wird es nicht mehr geben. Auch wird es weder Trauer noch Aufschrei noch Schmerz mehr geben“ (Offenbarung 21:4). Gott gëtt dann all eenzelne Mënsch d’Méiglechkeet, fir ëmmer ze liewen. Dat betrëfft esouwuel déi, déi d’Zerstéierung vun dëser béiser Welt iwwerliewen, ewéi och déi vill Verstuerwen, déi an der neier Welt zeréck zum Liewe bruecht ginn (Johannes 5:28, 29; Apostelgeschichte 24:15).

D’Mënschheet steet kuerz virun engem neien Ufank. Millioune Leit bereeden sech haut schonn op dat neit Liewen ënner Gott senger Herrschaft vir. Och wann si net perfekt sinn, ginn si hiert Bescht, fir zu deenen ze gehéieren, déi Gott an der neier Welt dobäi wëll hunn. Wéi maachen si dat? Andeem si Jehova Gott a säi Jong Jesus, dee vun him geschéckt ginn ass, kenne léieren (Johannes 17:3).

Wëllt Dir gewuer ginn, wéi Dir d’Enn iwwerliewe kënnt, fir dann an der neier Welt dobäi ze sinn? Zeie vu Jehova bidde gratis interaktiv Bibelcourse mam Buch Glécklech fir ëmmer un an huelen sech gär Zäit fir Iech.