Zeie vu Jehova — Wie si mir?
Mir kommen aus ville verschiddene Länner a schwätzen Honnerte vu Sproochen. An awer verbannen eis déi selwecht Ziler. Virun allem wëlle mir Jehova éieren, dee Gott, dee mir aus der Bibel kennen an deen alles gemaach huet. Mir ginn eist Bescht, eis am Alldag no Jesus auszeriichten a sinn houfreg drop, Chrëschte genannt ze ginn. Jidderee vun eis hëlt sech reegelméisseg Zäit, fir de Leit dʼBibel a Gott säi Kinnekräich (seng Regierung) méi no ze bréngen. Well mir iwwer Gott Jehova a säi Kinnekräich schwätzen, si mir als Zeie vu Jehova bekannt.
Wëllkomm op eiser Internetsäit. Hei kënnt Dir dʼBibel online liesen. Dir gitt méi iwwer eis gewuer, an iwwer dat, wat mir gleewen.