Zeréck bei den Inhalt

Ass dʼBibel wëssenschaftlech korrekt?

Ass dʼBibel wëssenschaftlech korrekt?

DʼÄntwert aus der Bibel

 Jo. DʼBibel ass zwar kee wëssenschaftlech Buch, mee wann et ëm wëssenschaftlech Theeme geet, ass si ganz korrekt. Hei sinn e puer Beispiller, déi weisen, datt dʼBibel mat der Wëssenschaft vun haut iwwereneestëmmt. Et sti wëssenschaftlech Fakten dran, déi sech staark vun deem ënnerscheeden, wat dʼLeit fréier gegleeft hunn, wéi dʼBibel geschriwwe gouf.

  •   Den Universum hat en Ufank (1. Mose 1:1). Am Géigesaz dozou beschreiwe vill al Legenden, datt den Universum net erschafe ginn ass, mee aus engem schonn existéiernde Chaos koum. DʼBabylonier hu gegleeft, datt dʼGötter, duerch déi den Universum enstanen ass, aus zwee Ozeane koumen. An aner Legende soen, den Universum wier aus engem risegen Ee komm.

  •   Den Universum gëtt iwwerall vu Naturgesetzer bestëmmt an net aus der Laun vun de Götter (Hiob 38:33; Jeremia 33:25). Op der ganzer Welt ginn et Mythen, déi erzielen, datt dʼMënschen den onberechenbaren an heinansdo grausame Götter ausgeliwwert wieren.

  •   DʼÄerd schwieft am eidele Raum (Hiob 26:7). Fréier hu vill Leit gegleeft, datt dʼÄerd eng Scheif wier, déi zum Beispill vun engem Büffel oder enger Deckelsmouk gedroe gëtt.

  •   DʼWaasser huet e Kreeslaf: Et verdonst, et fällt als Reen, Schnéi oder Knëppelsténg op dʼÄerd a fënnt säi Wee a Quellen a Flëss zeréck (Hiob 36:27, 28; Prediger 1:7; Jesaja 55:10; Amos 9:6). Am ale Griicheland hu si gegleeft, dʼFlëss wieren aus engem ënnerierdeschen Ozean entsprong. Dës Iddi huet sech bis an dʼ18. Joerhonnert gehalen.

  •   DʼBierger gi méi grouss a méi kléng. DʼBierger, déi mir haut gesinn, ware fréier mol ënnert dem Mier (Psalm 104:6, 8). Am Géigesaz dozou soe vill Legenden, datt dʼBierger, esou wéi se elo sinn, vu Götter erschafe goufen.

  •   DʼHygiène dréit zur Gesondheet bäi. Am Gesetz, dat dʼNatioun Israel krut, stounge verschidde Reegelen a puncto Hygiène. Zum Beispill, wat ee maache soll, nodeems een eng Läich ugepak huet, Quarantänvirschrëfte bei ustiechende Krankheeten a wéi een dʼExkrementer sécher entsuergt (3. Mose 11:28; 13:1-5; 5. Mose 23:13). Am Contraire dozou, hunn dʼÄgypter deemools oppe Wonne mat enger Mixtur behandelt, an där och mënschlech Exkrementer dra waren.

Ginn et Widderspréch tëschent der Bibel an der Wëssenschaft?

 Wann een objektiv un dʼBibel erugeet, fënnt ee raus, datt dʼÄntwert „Nee“ ass. Hei e puer Argumenter, déi den Androck vermëttelen, dʼBibel wier wëssenschaftlech net korrekt:

 Wat ee sou héiert: An der Bibel steet dach, den Universum wier a sechs 24-Stonnen-Deeg erschafe ginn.

 Fakt: D’Bibel seet net, wéini genee Gott den Universum erschafen huet (1. Mose 1:1). Och d’Schöpfungsdeeg, vun deenen am 1. Mose Kapitel 1 geschwat gëtt, beschreiwen eng Zäitspan, vun där een net genee weess, wéi laang se gedauert huet. Souguer déi ganz Zäitperiod, an där den Himmel an d’Äerd gemaach goufen, gëtt een „Dag“ genannt (1. Mose 2:4).

 Wat ee sou héiert: An der Bibel steet dach, d’Planze wiere scho virun der Sonn erschafe ginn. Mee ouni dʼSonn ass keng Fotosynthees méiglech (1. Mose 1:11, 16).

 Fakt: D’Bibel weist, datt d’Sonn, ee vun de Stäre vum „Himmel“, scho virun de Planzen erschafe gouf (1. Mose 1:1). Diffuust Liicht vun der Sonn huet schonn den éischte Schöpfungsdag op d’Äerd geschéngt. No an no huet d’Atmosphär sech opgekläert an um drëtte Schöpfungsdag war d’Liicht staark genuch fir d’Fotosynthees ze erméiglechen (1. Mose 1:3-5, 12, 13). Awer eréischt méi spéit, konnt een d’Sonn däitlech vun der Äerd aus gesinn (1. Mose 1:16).

 Wat ee sou héiert: An der Bibel steet dach, dʼSonn géif sech ronderëm dʼÄerd dréien.

 Fakt: A Prediger 1:5 steet: „Die Sonne geht auf, die Sonne geht unter. Dann eilt sie zurück an den Ort, wo sie wieder aufgeht.“ Hei gëtt einfach nëmme beschriwwen, wéi sech dʼSonn, vun der Äerd aus gekuckt, beweegt. Och haut schwätze mir vum „Sonnenopgang“ an „Sonnenënnergang“, och wa mir wëssen, datt sech dʼÄerd eigentlech ëm dʼSonn dréit.

 Wat ee sou héiert: An der Bibel steet dach, dʼÄerd wier flaach.

 Fakt: Wann dʼBibel vum „entferntesten Teil der Erde“ oder vun den „Enden der Erde“ schwätzt, wëllt dat net heeschen, datt dʼÄerd flaach ass oder e Bord huet (Apostelgeschichte 1:8, Foussnout). Och den Ausdrock „véier Ecke vun der Äerd“ ass eng Manéier, fir dʼganz Oberfläch vun der Äerd ze beschreiwen. Sou änlech, wéi mir och haut, déi véier Himmelsrichtunge gebrauchen (Jesaja 11:12; Lukas 13:29).

 Wat ee sou héiert: An der Bibel steet dach, den Ëmfang vun engem Krees wier genee dräimol sou grouss, wéi säin Duerchmiesser. Awer den exakte Wäert ass Pi (π), also ongeféier 3,1416.

 Fakt: 1. Könige 7:23 an 2. Chronika 4:2 beschreiwen e Mier aus „gegossenem Metall“. Et hat en Duerchmiesser vun „10 Ellen“ an en Ëmfang vun „30 Ellen“. Dës Gréisste ware vläicht einfach ofgeronnt. Et kann awer och sinn, datt sech dës Gréissten op déi bannescht a baussescht Moosse vum Becke bezunn hunn.