Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 06

Wéi huet d’Liewen ugefaangen?

Wéi huet d’Liewen ugefaangen?

„Du [Gott] bist der Ursprung des Lebens“ (Psalm 36:9). Kann een dat gleewen? Muench Leit denken, datt d’Liewen duerch Zoufall entstanen ass, ouni datt dëse Prozess gesteiert gouf. Wann dat esou wier, hätt eist Liewe keen déiwe Sënn. Awer wa Gott d’Liewen erschafen huet, hat hie bestëmmt e Grond dofir. a Wat seet d’Bibel doriwwer, wou d’Liewen hierkënnt an ass dat plausibel?

1. Wéi ass den Universum entstanen?

D’Bibel seet: „Am Anfang erschuf Gott Himmel und Erde“ (1. Mose 1:1). Déi meescht Wëssenschaftler sinn sech eens, datt den Universum en Ufank hat. Wéi huet Gott en erschafen? Hien huet seng aktiv Kraaft, den hellege Geescht gebraucht, fir den Universum mat all senge Galaxien, Stären a Planéiten ze maachen (1. Mose 1:2).

2. Firwat huet Gott d’Äerd gemaach?

Vu Jehova gëtt gesot, datt hien d’Äerd „nicht umsonst erschuf, sondern sie formte, damit sie bewohnt wird“ (Jesaja 45:18). Hien huet d’Äerd esou gemaach, datt si e perfekt a permanent Doheem fir de Mënsch ass. (Lies Jesaja 40:28 an 42:5.) D’Wëssenschaft weist, datt d’Äerd eenzegaarteg ass. Si ass den eenzeg bekannte Planéit, deen alles bitt, wat de Mënsch fir ze liewe brauch.

3. Wat ënnerscheet de Mënsch vum Déier?

Jehova huet d’Äerd gemaach an dunn d’Liewen op der Äerd – fir d’éischt d’Planzen an d’Déieren. Dono „erschuf Gott den Menschen in seinem Bild“. (Lies 1. Mose 1:27.) Firwat ass de Mënsch eemoleg? Well hien a Gott sengem Bild erschafe gouf, ass et him méiglech, Gott seng Eegenschaften ewéi Léift a Gerechtegkeet ze weisen. Mir als Mënsche kënne Sprooche léieren an eis fir Konscht a Musek begeeschteren. Am Géigesaz zu Déiere kënne mir eise Schöpfer ubieden an eng Frëndschaft zu him opbauen.

AN DEN DETAIL GOEN

Wat fir eng Beweiser ginn et dofir, datt d’Liewen erschafe gouf an datt een dem Bericht an der Bibel iwwer d’Schöpfung gleewe kann? Wat verroden déi gutt Eegenschafte vum Mënsch iwwer Gott?

4. Alles an der Natur gouf entworf

Mënsche kopéieren d’Natur a kréien d’Unerkennung dofir, awer wie kritt d’Unerkennung fir d’Original? De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wat hunn d’Mënsche bei der Natur ofgekuckt?

All Haus gëtt vun engem geplangt a gebaut, awer wien huet an der Natur alles entworf? Hebräer 3:4 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat begeeschtert dech un der Natur?

  • Ass et plausibel ze gleewen, datt alles am Universum vun engem geplangt gouf? Firwat?

Gutt ze wëssen

Artikelen a Videoen zu dësem Theema gëtt et op jw.org ënner de Rubricken „Wien huet sech dat ausgeduecht?“ an „Usiichten iwwer den Ursprong vum Liewen“.

„Natierlech gëtt all Haus vun engem gebaut, mee deen, deen alles gemaach huet, ass Gott“

5. Dem Bericht an der Bibel iwwer d’Schöpfung kann ee gleewen

D’Bibel beschreift an 1. Mose, Kapitel 1, wéi d’Äerd an d’Liewen dorop entstane sinn. Kann een dem Bericht gleewen oder ass et nëmmen e Mythos? De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Seet d’Bibel, datt d’Äerd an d’Liewen dorop a sechs Deeg vu 24 Stonnen erschafe gouf?

  • Ass de Bericht an der Bibel iwwer d’Schöpfung fir dech logesch a plausibel? Firwat oder firwat net?

1. Mose 1:1 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wëssenschaftler soen, datt den Universum en Ufank hat. Wéi passt dat zu deem, wat s du grad an der Bibel gelies hues?

Muencher froen sech, ob Gott beim Erschafe vum Liewen d’Evolutioun gebraucht huet. 1. Mose 1:21, 25, 27 liesen. Dozou dës Froen:

  • Seet d’Bibel, datt Gott eng einfach Liewensform erschafen huet, an sech déi iwwer de Fësch zum Mënsch entwéckelt huet? Oder huet Gott alles no senger „Aart“ erschafen? b

6. De Mënsch ass eenzegaarteg

Jehova huet de Mënsch ganz anescht erschafen ewéi d’Déieren. 1. Mose 1:26 liesen. Dozou dës Fro:

  • De Mënsch gouf a Gott sengem Bild erschafen, a ka Léift a Matgefill weisen. Wat verréit eis dat iwwer Gott?

WANN EE SEET: „Dat, wat d’Bibel iwwer d’Schöpfung seet, ass dach e Mythos.“

  • Wéi denks du doriwwer, a firwat?

FAZIT

Jehova huet den Universum an alles, wat lieft, erschafen.

Réckbléck

  • Wat seet d’Bibel doriwwer, wéi den Universum entstanen ass?

  • Huet Gott déi eenzel Aarten aus enger einfacher Liewensform entstoe gelooss oder huet hien si erschafen?

  • Wat mécht de Mënsch esou eenzegaarteg?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Den impressionnanten Design an der Natur weist op e Schöpfer hin.

„Wat léiert eis d’Natur?“ (Erwachet!, September 2006)

E Papp erkläert sengem klenge Jong, wéi Gott alles erschafen huet.

Jehova huet alles gemaach (2:37)

Fossilien a wëssenschaftlech Experimenter: Weisen si, datt d’Liewen erschafe gouf oder datt et vum selwen entstanen ass?

Den Ursprong vum Liewen: Fënnef Froe kritesch ënner d’Lupp geholl (Broschür)

a An der Lektioun 25 geet et dorëm, wat Gott mat der Äerd an de Mënsche virhuet.

b An der Bibel bezeechent dat Wuert „Aart“ eng grouss Grupp vu Liewewiesen a geet domat an hirer Bedeitung méi wäit ewéi d’Wëssenschaft.