Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 10

Et lount sech, d’Versammlunge vun den Zeie vu Jehova ze besichen

Et lount sech, d’Versammlunge vun den Zeie vu Jehova ze besichen

Wars du schonn eng Kéier an enger Versammlung vun den Zeie vu Jehova? Vläicht zécks du dohin ze goen a frees dech: „Wat geschitt iwwerhaapt do? Ass et esou wichteg, datt ech dohi ginn?“ An dëser Lektioun gëss du gewuer, wéi d’Zesummekomme mat aneren däi Verhältnes zu Gott stäerkt a wat et dir perséinlech bréngt.

1. Firwat versammelen sech d’Zeie vu Jehova?

D’Bibel selwer nennt de wichtegste Grond: „In der großen Versammlung werde ich Jehova preisen“ (Psalm 26:12). Dowéinst versammelen sech d’Zeie vu Jehova all Woch iwwerall op der Welt. Et mécht hinne Freed zesummen ze sangen, ze bieden, méi iwwer Gott gewuer ze ginn an hire Glawen ze stäerken. E puermol am Joer versammelen si sech am Groussen, fir Gott unzebieden.

2. Wat léiert een an de Versammlungen?

An de Versammlunge steet d’Bibel am Mëttelpunkt. Et gëtt erkläert, wat Gott seng Wierder bedeiten. (Lies Nehemia 8:8.) An eise Versammlunge léiers du Jehova kennen a seng schéin Eegenschaften. Wat s du besser verstees, wéi frou Jehova mat dir ass, wat deng Bindung zu him méi staark gëtt. An du gëss gewuer, wéi Jehova dir hëllefe kann, en zefriddent Liewen ze féieren (Jesaja 48:17, 18).

3. Firwat ass et gutt, mat aneren zesummenzekommen?

Jehova ermontert eis, een no deem aneren ze kucken, eis géigesäiteg ze motivéiere fir Léift ze weisen a Guddes ze maachen, an d’Zesummekommen net opzeginn (Hebräer 10:24, 25). An der Versammlung léiers du Mënsche kennen, déi wéi s du méi iwwer Gott wëlle gewuer ginn. Si sinn ee fir deen aneren do an encouragéieren sech mat Gedanken aus der Bibel. (Lies Römer 1:11, 12.) Wann s du mat hinne schwätz, gëss du gewuer, wéi si mat den ënnerschiddlechste Problemer eens ginn. Dat si just e puer Grënn, firwat et Jehova um Häerz läit, datt mir reegelméisseg zesummekommen.

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi leeft eng Versammlung vun den Zeie vu Jehova of? A wat bréngt et, wann een sech d’Méi mécht, si ze besichen?

4. D’Versammlunge vun den Zeie vu Jehova

Am 1. Joerhonnert hunn d’Chrëschten sech reegelméisseg getraff, fir Jehova unzebieden (Römer 16:3-5). Kolosser 3:16 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi hunn déi éischt Chrëschte Jehova ugebiet?

Haut treffen sech d’Zeie vu Jehova reegelméisseg an hire Kinnekräichssäll. Dozou de VIDEO, dee weist, wat an engem Kinnekräichssall geschitt. Kuckt iech zesummen d’Bild vun enger Versammlung un a beschwätzt dës Froen:

  • Wat hunn d’Versammlungen am Kinnekräichssall mat deem, wat a Kolosser 3:16 steet, gemeinsam?

  • Ass dir am Video oder um Bild nach eppes opgefall, wat dir besonnesch gutt gefält?

2. Korinther 9:7 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat ginn an de Versammlunge vun den Zeie vu Jehova keng Suen agesammelt?

Looss dir vun dengem Bibellehrer weisen, wat an der nächster Versammlung beschwat gëtt.

  • Wat fir een Deel vum Programm ass am Interessantste fir dech?

Gutt ze wëssen

Op jw.org kann een nokucken, wéini a wou Versammlungen op der ganzer Welt ofgehale ginn.

  1. Eis Versammlunge fänken un an halen op mat Lidd a Gebiet. Et gi Virträg gehalen, Videoe gewisen, a gespillten Zeenen.

  2. Bei muenchen Deeler vum Programm kann een sech och bedeelegen

  3. Jiddwereen ass häerzlech wëllkomm – op jonk oder al, eleng oder mat Famill

  4. Den Entrée ass fräi an et gi keng Kollekte gemaach

5. D’Versammlunge besichen – d’Ustrengung lount sech

Wéi war et bei Jesus senger Famill? Si sinn all Joer vun Nazareth op Jerusalem gereest, fir e Fest ze besichen. Et war keng einfach Rees, ongeféier 100 Kilometer wäit, déi zum Deel duerch d’Bierger gaangen ass. Lukas 2:39-42 liesen. Dozou dës Froen:

  • Mengs du, dës Rees war ustrengend fir si?

  • Firwat ass et fir dech vläicht schwéier, d’Versammlungen ze besichen?

  • Ass et derwäert sech unzestrengen? Firwat?

D’Bibel seet, datt et wichteg ass, fir d’Ubiedung zesummenzekommen. Hebräer 10:24, 25 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat sollte mir reegelméisseg an d’Versammlunge goen?

WANN EE SEET: „Et muss een sech dach net mat aneren treffen. Et geet duer, wann een d’Bibel doheem eleng liest.“

  • Wat fir e Bibeltext oder Beispill aus der Bibel weist, wéi Jehova doriwwer denkt?

FAZIT

An de Versammlunge léiers du Jehova besser kennen, deng Frëndschaft zu him gëtt méi déif, an du kanns hien zesumme mat aneren ubieden.

Réckbléck

  • Firwat wëll Jehova, datt mir eis versammelen?

  • Wat léiert een an de Versammlungen?

  • Wat kéint et dir nach bréngen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Hues du Bedenken, eng Versammlung ze besichen? Wat engem Mann gehollef huet, gären an d’Versammlungen ze goen.

Mir vergiessen ni, wéi mir empfaange goufen (4:16)

Wat e jonke Mann alles ënnerholl huet, fir d’Versammlungen ze besichen.

Ech wollt keng Versammlung méi verpassen! (4:33)

Wéi anerer doriwwer denken, d’Versammlungen ze besichen.

„Wat bréngt et mir, an e Kinnekräichssall ze goen?“ (Online-Artikel)

Wéi huet de Besuch vun enger Versammlung engem brutale Mann gehollef, säi Liewen ze änneren.

„Ouni meng Waff sinn ech néierens higaangen“ (Der Wachtturm, 1. Juli 2014)