Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 17

Wat fir Eegenschaften huet Jesus?

Wat fir Eegenschaften huet Jesus?

Wann een sech mat deem beschäftegt, wat Jesus hei op der Äerd gesot a gemaach huet, da kritt een en Abléck an seng Perséinlechkeet an et fillt een sech him a sengem Papp méi no. Wat sinn e puer vu Jesus senge gudden Eegenschaften? Wéi kënne mir dës Eegenschafte weisen?

1. Wéisou ass Jesus genee ewéi säi Papp?

Milliarde vu Jore war Jesus mat sengem léiwe Papp zesummen am Himmel an huet vill vun him geléiert. Dowéinst denkt, fillt an handelt hien ewéi säi Papp. (Lies Johannes 5:19.) Jesus ass sengem Papp esou änlech, datt hie soe konnt: „Wie mech gesinn huet, huet och de Papp gesinn“ (Johannes 14:9). Wat s du méi iwwer Jesus gewuer gëss, wat s du och Jehova besser kenne léiers. Wann s du zum Beispill gesäis, wéi vill Matgefill Jesus hat, da weist dir dat, wéi vill Jehova un dir interesséiert ass.

2. Wéi huet Jesus gewisen, datt hie Jehova gär huet?

Jesus sot: „Ech maachen alles wat de Papp mech ugestallt huet ..., fir datt d’Welt gesäit, datt ech de Papp gär hunn“ (Johannes 14:31BFL). Jesus hat säi Papp esou gär, datt hien och da gefollegt huet, wann et schwéier war. Jesus huet och gär mat aneren iwwer säi Papp geschwat, fir datt si Frënn vu Jehova konnte ginn (Johannes 14:23).

3. Wéi huet Jesus gewisen, datt hien d’Mënsche gär huet?

D’Bibel seet vu Jesus, datt hie besonnesch d’Mënsche gär huet (Sprüche 8:31). Hien huet seng eegen Interessen zeréckgestallt, fir aneren ze hëllefen an hinne Mutt ze maachen. Seng Wonner hunn net nëmmen seng Muecht bewisen, mee och säi Matgefill (Markus 1:40-42). Hien huet jiddweree frëndlech behandelt an hat keng Virurteeler. Mënsche mat engem gudden Häerz hunn duerch seng Wierder Trouscht an Hoffnung kritt. Aus Léift zu alle Mënsche war Jesus bereet ze leiden an ze stierwen. Awer besonnesch frou ass hie mat deenen, déi op hie lauschteren (Johannes 15:13, 14).

AN DEN DETAIL GOEN

Wat kënne mir nach iwwer Jesus seng Perséinlechkeet léieren? Wéi kënne mir, esou wéi Jesus, Léift weisen an anere gär eppes ginn?

4. Jesus huet säi Papp gär

Vu Jesus léiere mir, wéi mir Gott weise kënnen, datt mir hie gär hunn. Lukas 6:12 a Johannes 15:10; 17:26 liesen. Zu all Vers dës Fro:

  • Wéi kënne mir, esou wéi Jesus, Jehova weisen, datt mir hie gär hunn?

Jesus hat säi Papp gär an huet oft zu him gebiet

5. Jesus hat Matgefill

Jesus war et méi wichteg no aneren ze kucken, wéi no sech selwer. Esouguer wann hie midd war, huet hien sech fir anerer Zäit geholl. Markus 6:30-44 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat huet Jesus fir anerer gemaach? (Dozou d’Versen 31, 34, 41 an 42.)

  • Wat huet Jesus motivéiert aneren ze hëllefen? (Dozou de Vers 34.)

  • Jesus ass genee ewéi säi Papp. Wat kënne mir dofir aus dësem Bericht iwwer Jehova léieren?

  • Wéi kënne mir geneesou ewéi Jesus Matgefill weisen?

6. Jesus ass generéis

Obwuel Jesus net vill hat, huet hien anere gär eppes ginn, an hien huet eis ermontert dat selwecht ze maachen. Apostelgeschichte 20:35 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat mécht glécklech?

De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wéi kënne mir aneren eppes ginn, och wa mir selwer net vill hunn?

Gutt ze wëssen

D’Bibel seet, et soll een am Numm vu Jesus zu Jehova bieden. (Lies Johannes 16:23, 24.) Doduerch weise mir eis Dankbarkeet, datt Jesus eis et erméiglecht huet, Frënn vu Jehova ze ginn.

WANN EE SEET: „Gott ass et egal, wéi et eis geet.“

  • Wéi huet Jesus am Ëmgang mat anere gewisen, datt Jehova un eis interesséiert ass?

FAZIT

Jesus huet Jehova an d’Mënsche gär. Wann ee Jesus besser kenne léiert, léiert een och Jehova besser kennen, well Jesus ewéi säi Papp ass.

Réckbléck

  • Wéi kënne mir esou wéi Jesus weisen, datt mir Jehova gär hunn?

  • Wéi kënne mir esou wéi Jesus weisen, datt mir anerer gär hunn?

  • Wat gefält dir u Jesus am beschten?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Firwat soll Jesus bei Gebieder eng wichteg Roll spillen?

„Firwat am Numm vu Jesus bieden?“ (Der Wachtturm, 1. Februar 2008)

Seet d’Bibel eis eppes doriwwer, wéi Jesus ausgesinn huet?

„Wéi huet Jesus ausgesinn?“ (Online-Artikel)