Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 29

Wat geschitt nom Doud?

Wat geschitt nom Doud?

Hues du schonn e léiwe Mënsch duerch den Doud verluer? An esou enger schwéierer Zäit frees du dech vläicht: „Wat geschitt nom Doud? Kann ech dës léif Persoun eng Kéier erëmgesinn?“ D’Äntwerten aus der Bibel ginn engem echten Trouscht.

1. A wéi engem Zoustand sinn déi Doudeg?

Jesus huet den Doud mat engem déiwe Schlof verglach. Wann een déif schléift, kritt een net mat, wat ronderëm ee geschitt. Esou ass et och beim Doud. Wann ee gestuerwen ass, spiert ee keng Péng a kee Leed méi. D’Bibel seet: „Déi Doudeg wësse guer näischt.“ (Lies Prediger 9:5.)

2. Firwat ass et gutt ze wëssen, wat nom Doud geschitt?

Vill Mënschen hunn Angscht virum Doud an och virun den Doudegen. Wat an der Bibel iwwer den Doud steet, kann engem d’Angscht huelen. Jesus sot: „D’Wouerecht mécht iech fräi“ (Johannes 8:32). Vill Relioune léieren, datt de Mënsch eng onstierflech Séil huet, déi nom Doud weiderlieft. D’Bibel léiert dat net. Si seet, datt déi Doudeg näischt matkréien. Also leiden si net a schueden och kengem. Dofir musse mir och net fir déi Doudeg bieden oder besonnesch Bräich anhalen, fir si ze veréieren.

Muncher behaapten, et kéint ee mat den Doudege schwätzen. Awer dat ass onméiglech, well „déi Doudeg wësse guer näischt“. Déi, déi mengen si kéinte mat Verstuerwene schwätzen, schwätzen a Wierklechkeet vläicht mat Dämonen, déi virtäuschen, déi Verstuerwen ze sinn. Wann een also d’Wouerecht iwwer den Zoustand vun den Doudege kennt, da schützt dat ee virun den Dämonen. Jehova seet, mir sollen net mat den Doudege schwätzen, well hie weess, datt de Kontakt mat Dämonen eis schuet (5. Mose 18:10-12).

AN DEN DETAIL GOEN

Wat d’Bibel nach iwwer den Doud seet a wéi dat de Glawen un e léiwe Gott stäerkt.

3. D’Wouerecht iwwer den Zoustand vun den Doudegen

Mënschen op der ganzer Welt hunn déi ënnerschiddlechst Virstellungen, wat nom Doud geschitt. Awer natierlech kënnen déi net all richteg sinn.

  • Wat gleewen d’Leit an denger Géigend, wat mat den Doudegen ass?

Wat léiert d’Bibel? De VIDEO kucken.

Prediger 3:20 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat geschitt mat engem, wann ee gestuerwen ass?

  • Lieft een Deel vum Mënsch nom Doud weider?

D’Bibel erzielt, datt e gudde Frënd vu Jesus, de Lazarus, gestuerwe war. Johannes 11:11-14 liesen a kucken, wéi Jesus den Zoustand vum Lazarus beschriwwen huet. Dozou dës Froen:

  • Mat wat huet Jesus den Doud verglach?

  • Wat léiere mir aus dësem Verglach?

  • Wéi denks du iwwer dat, wat d’Bibel iwwer den Doud seet?

4. D’Wouerecht iwwer den Doud befreit vu falsche Virstellungen

Ze wëssen, wat nom Doud geschitt, hëlt eis d’Angscht virun den Doudegen. Prediger 9:10 liesen. Dozou dës Fro:

  • Kënnen déi Doudeg eis schueden?

D’Wouerecht aus der Bibel befreit eis vun der Ligen, datt een déi Doudeg veréiere muss. Jesaja 8:19 an Offenbarung 4:11 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat mengs du, wéi et Jehova beréiert, wann een déi Doudeg veréiert oder si ëm Hëllef freet?

D’Wouerecht iwwer den Doud ze kenne befreit eis vu Bräich, déi Jehova net gefalen

5. D’Wouerecht iwwer den Doud befreit vun Ängschten

Vill Leit goufe geléiert, datt si nom Doud bestrooft ginn, wann si am Liewe Schlechtes maachen. Et berouegt awer ze wëssen, datt keen nom Doud gequäält gëtt, och keen, dee vill Schlechtes gemaach huet. Römer 6:7 liesen. Dozou dës Fro:

  • Gëtt een nom Doud fir Feeler bestrooft, déi een am Liewe gemaach huet?

Wie Jehova kennt, dee weess, datt Jehova een nimools quäle géif. 5. Mose 32:4 an 1. Johannes 4:8 liesen. Dozou dës Froen:

  • Géif esou e Gott zouloossen, datt Mënschen nom Doud gequäält ginn?

  • Berouegt et dech ze wëssen, wat d’Bibel iwwer den Doud seet? Firwat?

WANN EE SEET: „Ech hunn Angscht virum Doud, well ech net weess, wat dono ass.“

  • Wat fir Bibelverse kéints du weisen, fir engem d’Angscht virum Doud ze huelen?

FAZIT

Wann ee stierft, dann existéiert een net méi. Déi Doudeg leiden net an si kënnen och kengem schueden.

Réckbléck

  • Wat geschitt nom Doud?

  • Wat hu mir dovun, d’Wouerecht iwwer den Doud ze kennen?

  • Firwat ass et berouegend, d’Wouerecht iwwer den Doud ze kennen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wat an der Bibel mat dem Wuert „Séil“ gemengt ass.

„Wat ass d’Séil?“ (Online-Artikel)

Bestrooft Gott béis Mënschen an der Häll?

Gëtt et eng Häll? (3:07)