Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 38

D’Liewen – e wonnerbaart Geschenk

D’Liewen – e wonnerbaart Geschenk

Et gëtt esou vill Schéines am Liewen. Esouguer wa mir Problemer hunn, ginn et awer Momenter am Liewen, wou een sech freeë kann. Wéi kënne mir weisen, datt mir fir d’Liewen dankbar sinn? A firwat ass dat esou wichteg?

1. Firwat solle mir d’Liewe schätzen?

D’Liewen ass e Kaddo vun eisem léiwe Papp Jehova. Hien huet alles erschafen an ass „den Ursprong vum Liewen“ (Psalm 36:9). „Hie selwer [gëtt] alle Mënsche Liewen an Otem an alles“ (Apostelgeschichte 17:25, 28). Jehova gëtt eis alles, wat mir fir ze liewe brauchen. An dat Bescht ass, datt mir duerch all dat d’Liewe richteg genéisse kënnen. (Lies Apostelgeschichte 14:17.)

2. Wéi kënne mir Jehova weisen, datt mir fir d’Liewen dankbar sinn?

Jehova interesséiert sech fir eis vum éischte Moment un, wou eist Liewen am Bauch vun der Mamm ugefaangen huet. Jehova huet an der Bibel e Gebiet opschreiwe gelooss, an deem den David zu him seet: „Deine Augen sahen mich sogar als Embryo“ (Psalm 139:16). Däi Liewen ass fir Jehova ganz wäertvoll. (Lies Matthäus 10:29-31.) Géif een sech selwer oder engem anere Mënsch d’Liewen huelen, deet dat Jehova immens wéi (2. Mose 20:13). a Jehova fillt och esou, wa mir eist Liewen onnéideg a Gefor bréngen oder net genuch oppassen, fir d’Liewe vun aneren ze schützen. Wa mir op eist Liewen an op dat vun aneren oppassen, weise mir, datt mir fir dëse wonnerbare Kaddo dankbar sinn.

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi kënne mir Jehova weisen, datt d’Geschenk vum Liewe fir eis wichteg ass?

3. Op d’Gesondheet oppassen

Well ee Jehova versprach huet, alles ze maache wat hie wëll, setzt een säi Liewe ganz fir hien an. Et ass, wéi wann een säi Kierper als en Affer fir Gott gëtt. Römer 12:1, 2 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat soll eis motivéieren, op eis Gesondheet opzepassen?

  • Wéi kanns du op deng Gesondheet oppassen?

4. Op Sécherheet uechten

D’Bibel réit eis, op Sécherheet ze uechten, fir eist Liewen an dat vun aneren ze schützen. Wéi kann een dat maachen? De VIDEO kucken.

Sprüche 22:3 liesen. Wéi kann een an dëse Beräicher op Sécherheet uechten?

  • doheem

  • op der Aarbecht

  • beim Sport

  • am Stroosseverkéier

5. D’Liewe vum Bëbee am Bauch vun der Mamm schützen

Den David huet a poeetesche Wierder beschriwwen, datt sech Jehova fir e Kand interesséiert, dat sech am Bauch vun der Mamm entwéckelt. Psalm 139:13-17 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéini fänkt fir Jehova d’Liewen un – bei der Gebuert oder wann eng Fra schwanger gëtt?

D’Gesetz, dat Jehova den Israelitte ginn hat, huet schwanger Fraen an hire Bëbee am Bauch geschützt. 2. Mose 21:22, 23 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi huet Jehova eng Persoun gesinn, déi ongewollt doru schold war, datt e Bëbee am Bauch vun der Mamm gestuerwen ass?

  • Wéi fillt Jehova wuel, wann een dat absichtlech mécht? b

  • Gesäis du dat och esou? Firwat oder firwat net?

De VIDEO kucken.

Esouguer eng Fra, déi d’Liewe schätzt, kéint denken, datt eng Ofdreiwung an hirer Situatioun déi eenzeg Léisung ass. Jesaja 41:10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Bei wiem soll eng Fra Hëllef sichen, wann si zu enger Ofdreiwung gedrängt gëtt? Firwat?

WANN EE SEET: „All Fra huet d’Recht selwer ze decidéieren, ob si ofdreiwe wëll oder net. Et ass jo schliisslech hire Kierper.“

  • Wat iwwerzeegt dech, datt fir Jehova esouwuel d’Liewe vun der Mamm, wéi och dat vum Bëbee an hirem Bauch wäertvoll ass?

FAZIT

D’Liewen ass e Kaddo vu Jehova. Hie wëll, datt mir esouwuel eist Liewen ewéi och d’Liewe vun aneren als wäertvoll ugesinn, et uechten an et schützen.

Réckbléck

  • Firwat ass e Mënscheliewe wäertvoll fir Jehova?

  • Wéi empfënnt Jehova, wann ee mënschlechem Liewen en Enn mécht?

  • Wat schätz du um Liewe besonnesch?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi kann ee Jehova fir de Kaddo vum Liewe Merci soen?

Lidd 141: D’Wonner vum Liewen (2:41)

Verzeit Gott enger Fra, déi ofgedriwwen huet? D’Äntwert aus der Bibel.

„Ofdreiwung – wat seet d’Bibel?“ (Online-Artikel)

Wéi mir bei eise Fräizäitaktivitéite weisen, datt mir d’Liewen uechten.

„Extreemsport – de Risiko agoen oder net?“ (Erwachet!, 8. Oktober 2000)

Wéi d’Bibel engem, deen sech d’Liewen huele wëll, hëllefe kann.

„Ech wëll net méi liewen – kann d’Bibel mir bei Selbstmordgedanken hëllefen?“ (Online-Artikel)

a Wann ee verzweiwelt ass a keen Auswee méi gesäit, kann een sech sécher sinn, datt Jehova fir een do ass (Psalm 34:18). Jehova versteet, datt groussen emotionalen Drock dozou féiere kann, datt een sech d’Liewen huele wëll, an hie wëll hëllefen. Wéi hien dat mécht, gesäit een am Artikel „Ech wëll net méi liewen – kann d’Bibel mir bei Selbstmordgedanken hëllefen?“ um Enn vun der Lektioun ënner „Méi gewuer ginn“.

b Eng Fra, déi an der Vergaangenheet ofgedriwwen huet, mécht sech vläicht schwéier Virwërf, mee Jehova kann hir verzeien. Dozou den Artikel „Ofdreiwung – wat seet d’Bibel?“ um Enn vun der Lektioun ënner „Méi gewuer ginn“.