Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 43

Wat d’Bibel iwwer Alkohol seet

Wat d’Bibel iwwer Alkohol seet

Ronderëm d’Welt ginn et verschidde Meenungen, wann et ëm d’Drénke vun Alkohol geet. Muncher drénke guer keen Alkohol, anerer drénke gär emol e Glas mat Frënn an nach anerer drénke bis si voll sinn. Wat seet d’Bibel zu dësem Theema?

1. Ass et verkéiert, Alkohol ze drénken?

D’Bibel verbitt net, Alkohol ze drénken. Zu de ville gudde Saachen, déi Gott eis ginn huet, zielt d’Bibel och de „Wäin, deen d’Häerz vum Mënsch erfreet“ (Psalm 104:14, 15). Och trei Männer a Fraen aus der Bibel hunn Alkohol gedronk (1. Timotheus 5:23).

2. Wat ass de Rot aus der Bibel, wann een Alkohol drénkt?

Jehova verurteelt et, wann een ze vill Alkohol drénkt oder voll ass (Galater 5:21). D’Bibel warnt eis: „Sei nicht unter denen, die zu viel Wein trinken“ (Sprüche 23:20). Wann een Alkohol drénkt – egal ob eleng oder a Gesellschaft – soll een net esou vill drénken, datt et schlecht fir d’Gesondheet ass, een net méi kloer denken oder net méi kontrolléiere kann, wat ee seet oder mécht. Wann een säin Alkoholkonsum net am Grëff huet, soll ee bereet sinn, ganz dorop ze verzichten.

3. Wéi kann een aneren hir Entscheedung respektéieren, wann et ëm Alkohol geet?

Ob een Alkohol drénkt oder net, muss jiddweree selwer entscheeden. Et soll ee keen dozou drängen, Alkohol ze drénken an och kee verurteelen, deen es a Moossen drénkt (Römer 14:10). An et soll een op Alkohol verzichten, wann anerer sech doru stoussen. (Lies Römer 14:21.) Well: „Jeder soll stets auf den Vorteil des anderen bedacht sein, nicht auf seinen eigenen.“ (Lies 1. Korinther 10:23, 24.)

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi eng bibelesch Prinzippien hëllefe bei der Entscheedung, ob een Alkohol drénkt a wéi vill een drénkt? A wat kann ee maachen, wann een e Problem mat Alkohol huet?

4. Alkohol – Jo oder Nee?

Wéi huet Jesus iwwer Alkohol geduecht? Dat gëtt ee gewuer, wann een sech mat sengem éischte Wonner beschäftegt. Johannes 2:1-11 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi weist dëst Wonner, wéi Jesus iwwer Alkohol denkt an iwwer déi, déi es drénken?

  • Jesus huet d’Drénke vun Alkohol net verurteelt. Wéi solle Chrëschten also doriwwer denken, wann een aneren Alkohol drénkt?

Och wa Chrëschten Alkohol drénken däerfen, heescht dat net, datt dat ëmmer eng gutt Entscheedung ass. Sprüche 22:3 liesen. Wat solls du bei denger Entscheedung beuechten?

  • Du muss nach fueren oder mat enger Maschinn schaffen

  • Du bass schwanger

  • Däin Dokter réit dir, du solls op Alkohol verzichten

  • Du tendéiers dozou, ze vill ze drénken

  • D’Gesetz verbitt et, Alkohol ze drénken

  • Du bass mat engem zesummen, dee keen Alkohol drénkt, well hien en Alkoholproblem hat

Soll ee bei enger Hochzäit oder wann een eppes anescht organiséiert, Alkohol ubidden? De VIDEO kucken.

Römer 13:13 an 1. Korinther 10:31, 32 liesen. Zu all Bibeltext dës Fro:

  • Wéi hëlleft dir dëse Grondsaz, dech esou ze entscheeden, datt et Jehova gefält?

Jiddweree muss selwer decidéieren, ob en Alkohol drénkt oder net. Een deen es drénkt, entscheet sech vläicht a munche Situatiounen, keen ze drénken

5. Setz dir eng Limitt

Wann een Alkohol drénkt, soll een dorun denken: Jehova verbitt Alkohol zwar net, awer hie verurteelt et, wann een ze vill drénkt. Firwat? Hosea 4:11, 18 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat ka geschéien, wann een ze vill drénkt?

Wat kann engem hëllefen, net ze vill ze drénken? Et muss ee bescheide sinn a wëssen, wou seng Grenze sinn. Sprüche 11:2 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat ass et gutt, sech beim Drénke vun Alkohol eng Limitt ze setzen?

6. En Alkoholproblem an de Grëff kréien

Wat huet engem Mann gehollef, seng Alkoholsucht ze iwwerwannen? De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Wéi huet sech d’Drénken op dem Dmitri säi Verhalen ausgewierkt?

  • Konnt hie vun haut op muer mam Drénken ophalen?

  • Wéi huet hien et schlussendlech gepackt, vum Alkohol lasszekommen?

1. Korinther 6:10, 11 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi schlëmm ass et, wann een ze vill drénkt oder voll ass?

  • Wat weist, datt een, deen e Problem mam Alkohol huet, sech ännere kann?

Matthäus 5:30 liesen. Dozou dës Fro:

  • De Verglach, sech eng Hand erofzehaen, weist, datt een heiansdo drastesch virgoe muss, fir Jehova ze gefalen. Wat kanns du maachen, wann et dir schwéier fält, vum Alkohol ewechzekommen? a

1. Korinther 15:33 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat fir en Afloss kann däin Ëmfeld op deng Drénkgewunnechten hunn?

WANN EE FREET: „Däerf een als Chrëscht Alkohol drénken?“

  • Wéi géifs du äntweren?

FAZIT

Alkohol gehéiert zu de gudde Saachen, déi Jehova eis ginn huet. Awer hie verurteelt et, wann een ze vill drénkt oder voll ass.

Réckbléck

  • Wat seet d’Bibel zum Theema Alkohol?

  • Firwat ass et geféierlech, ze vill ze drénken?

  • Wéi kann een aneren hir Entscheedung respektéieren, wann et ëm Alkohol geet?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi kënne jonk Leit sech richteg decidéieren, wann et ëm Alkohol geet?

E gutt Gefill amplaz ze vill Promill (2:31)

8 Schrëtt, fir en Alkoholproblem an de Grëff ze kréien.

„Den Alkoholkonsum am Grëff hunn“ (Der Wachtturm, 1. Januar 2010)

Am Artikel „E Faass ouni Buedem“ erzielt e Mann, wéi hien et gepackt huet, vum exzessiven Drénken ewechzekommen.

„D’Bibel verännert Liewen“ (Der Wachtturm, 1. Mai 2012)

a Vläicht brauch een, deen alkoholofhängeg ass, professionell Hëllef, fir vu senger Sucht lasszekommen. Vill Doktere rode Persounen, déi alkoholofhängeg waren, ganz op Alkohol ze verzichten.