Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 47

Sinn ech prett, mech deefen ze loossen?

Sinn ech prett, mech deefen ze loossen?

Duerch d’Studéiere vun der Bibel hues du scho vill iwwer Jehova geléiert. A fir dat ëmzesetzen, wat s du geléiert hues, hues du bestëmmt schonn esou munches an dengem Liewe geännert. Awer vläicht gëtt et eppes, wat dech zeréckhält, dech Jehova hinzeginn an dech deefen ze loossen. Wat fir Schwieregkeete kënnen et ginn a wéi kann een si iwwerwannen?

1. Wéi vill muss een aus der Bibel wëssen, éier een sech deefe léisst?

Fir sech deefen ze loossen, muss een „eng genee Erkenntnis vun der Wouerecht“ hunn (1. Timotheus 2:4). Dat heescht awer net, datt s du op all bibelesch Fro eng Äntwert wësse muss. Och Chrëschten, déi scho laang gedeeft sinn, léieren nach ëmmer dobäi (Kolosser 1:9, 10). Wichteg ass, datt s du d’Grondléieren aus der Bibel verstees. D’Ältesten hëllefen dir, erauszefannen, ob dat, wat s du weess, schonn duergeet.

2. Wat muss ee virun der Daf nach maachen?

D’Bibel seet, wat ee maache muss, éier een sech deefe loosse kann: „Bereut also und kehrt um.“ (Lies Apostelgeschichte 3:19.) Dat heescht, datt Feeler, déi ee gemaach huet, engem wierklech leeddinn an ee Jehova freet, engem ze verzeien. Et huet een sech fest virgeholl, esou ze liewen, wéi et Jehova gefält an alles ze meiden, wat him net gefält. Et ass och wichteg, d’Versammlungen ze besichen an als ongedeefte Verkënneger mat an den Déngscht ze goen.

3. Firwat soll d’Angscht een net zeréckhalen?

Muncher hunn Angscht, si kéinten sech net un dat halen, wat si Jehova verspriechen. Et stëmmt, geneesou wéi trei Männer a Fraen aus der Bibel, wäerts och du Feeler maachen. Jehova weess dat an hien erwaart keng Vollkommenheet vun deenen, déi him déngen. (Lies Psalm 103:13, 14.) Hie freet sech, wann s du däi Bescht méchs. Jehova hëlleft dir dobäi. Hie versprécht eis: Näischt kann eis vun senger Léift trennen. (Lies Römer 8:38, 39.)

AN DEN DETAIL GOEN

Du kanns d’Schwieregkeete virun der Daf iwwerwannen, wann s du Jehova besser kenne léiers an seng Hëllef unhëls.

4. Léier Jehova besser kennen

Wéi gutt muss du Jehova virun der Daf kennen? Esou gutt, datt s du hie gär hues an de Wonsch hues, him ze gefalen. De VIDEO kucken, wou Bibelschüler aus der ganzer Welt erzielen, wéi hir Léift zu Jehova méi grouss ginn ass. An dann dës Fro beschwätzen:

  • Wat huet dëse Bibelschüler op dem Wee bis bei d’Daf gehollef?

Römer 12:2 liesen. Dozou dës Froen:

  • Hues du Zweiwel un deem, wat d’Bibel léiert oder dorun, datt d’Zeie vu Jehova d’Wouerecht léieren?

  • Wa jo, wat kanns du da maachen?

5. Iwwerwann Schwieregkeeten op dem Wee zur Daf

Wa mir eis Jehova higinn an eis deefe loossen, sti mir virun Erausfuerderungen. D’Léift zu Jehova hëlleft, Schwieregkeeten ze iwwerwannen. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Viru wat fir Erausfuerderunge stoung d’Narangerel?

  • Wéi huet him d’Léift zu Jehova dobäi gehollef?

Sprüche 29:25 an 2. Timotheus 1:7 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wouhier kritt een de Mutt, Schwieregkeeten ze iwwerwannen?

6. Vertrau op Jehova seng Hëllef

Jehova hëlleft dir, dat ze maachen, wat him gefält. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Wat huet de Bibelschüler dovun ofgehalen, sech deefen ze loossen?

  • Wat ass hien iwwer Jehova gewuer ginn a wéi huet dat säi Vertrauen a Jehova gestäerkt?

Jesaja 41:10, 13 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat kanns du dir sécher sinn, datt s du dat hale kanns, wat s du Jehova verspréchs, wann s du dech him higëss?

7. Verdéif deng Wäertschätzung fir Jehova seng Léift

Wat s du méi doriwwer nodenks, wéi gär Jehova dech huet, wat s du him méi dankbar gëss an däi Wonsch méi staark gëtt, him fir ëmmer ze déngen. Psalm 40:5 liesen. Dozou dës Fro:

  • Woufir bass du Jehova besonnesch dankbar?

De Prophéit Jeremia hat Jehova an säi Wuert gär. Hien huet et als grouss Éier ugesinn, Jehova säin Numm ze droen. Hie sot: „Deine Worte sind die Freude und das Glück meines Herzens geworden, denn ich trage deinen Namen, o Jehova“ (Jeremia 15:16). Dozou dës Froen:

  • Firwat ass et eng Éier, en Zeie vu Jehova ze sinn?

  • Wëlls du dech deefe loossen an en Zeie vu Jehova ginn?

  • Hält dech iergendeppes zeréck?

  • Wat mengs du: Wat muss du nach maachen, fir datt s du dech deefe loosse kanns?

WANN EE SEET: „Ech hunn Angscht, datt ech mech net un dat hale kann, wat ech Jehova virun der Daf verspriechen.“

  • Geet et dir och esou?

FAZIT

Mat Jehova senger Hëllef kanns du all Schwieregkeeten op dem Wee bis bei d’Daf iwwerwannen.

Réckbléck

  • Wéi gutt muss du d’Bibel kennen, éier s du dech deefe loosse kanns?

  • Muss du nach eppes änneren, fir datt s du dech deefe loosse kanns? Wa jo, wat?

  • Firwat soll Angscht dech net zeréckhalen, dech deefen ze loossen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wat ass eng gutt Grondlag fir déi wichtegst Entscheedung am Liewen?

„Bass du prett, dech deefen ze loossen?“ (Der Wachtturm, März 2020)

Wat kann een zeréckhalen, sech deefen ze loossen a wéi kann een dat iwwerwannen?

„Wat steet menger Daf am Wee?“ (Der Wachtturm, März 2019)

E Mann erzielt, wéi hie grouss Schwieregkeeten virun der Daf iwwerwanne konnt.

Wat hält dech zeréck, dech deefen ze loossen? (1:10)

Den Ataa huet gezéckt, sech deefen ze loossen. Firwat huet hien sech dunn awer dofir decidéiert?

Hunn ech wierklech esou vill Guddes verdéngt? (7:21)