Deel 4: Réckbléck
Dës Froen zesumme beschwätzen:
Sprüche 13:20 liesen.
Firwat ass et wichteg, datt s du dir deng Frënn gutt eraussichs?
(Dozou d’Lektioun 48.)
Wéi e Rot aus der Bibel hëlleft dir an denger Roll als …
Mann oder Fra?
Elteren oder Kand?
(Dozou d’Lektiounen 49 a 50.)
Wéi kënne mir Jehova duerch d’Aart a Weis wéi mir schwätzen, eng Freed maachen? Wat gefält Jehova net?
(Dozou d’Lektioun 51.)
Vu wéi enge Prinzippien aus der Bibel soll een sech leede loossen, wann et ëm d’Kleedung an d’Ausgesinn geet?
(Dozou d’Lektioun 52.)
Wéi kënne mir eis Fräizäit esou verbréngen, datt et Jehova gefält?
(Dozou d’Lektioun 53.)
Matthäus 24:45-47 liesen.
Wien ass „den treien a verstännege Sklav“?
(Dozou d’Lektioun 54.)
Wéi kanns du deng Zäit, Kraaft a Mëttel asetzen, fir d’Versammlung ze ënnerstëtzen?
(Dozou d’Lektioun 55.)
Psalm 133:1 liesen.
Wéi kanns du dozou bäidroen, datt d’Versammlung vereent ass?
(Dozou d’Lektioun 56.)
Wéi hëlleft Jehova engem, dee schwéier gesënnegt huet?
(Dozou d’Lektioun 57.)
1. Chronika 28:9 an d’Foussnout liesen.
Wéi kanns du weisen, datt s du Jehova loyal a mat „ongedeeltem Häerzen“ déngs, wa Géigner Ligen erzielen oder een d’Wouerecht verléisst?
Gëtt et nach eppes, wat s du maache muss, fir dech vun der falscher Relioun ze trennen?
(Dozou d’Lektioun 58.)
Wéi kanns du dech virbereede fir de Fall, wou s du verfollegt gëss?
(Dozou d’Lektioun 59.)
Wat hues du dir virgeholl, fir weider Fortschrëtter ze maachen?
(Dozou d’Lektioun 60.)