Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

Zousätzlech Erklärungen

Zousätzlech Erklärungen
  1.  „Babylon déi Grouss“ identifizéieren

  2.  Wéini sollt de Messias kommen?

  3.   Medezinesch Methoden, bei deene Blutt gebraucht gëtt

  4.   Wann eng bestuete Koppel sech trennt

  5.   Fester a Feierdeeg

  6.  Ustiechend Krankheeten

  7.  Rechtlech a geschäftlech Affären

 1. „Babylon déi Grouss“ identifizéieren

Firwat wësse mir, datt „Babylon déi Grouss“ all d’falsch Reliounen duerstellt? (Offenbarung 17:5). Dozou e puer Iwwerleeungen:

  • Si huet weltwäiten Afloss. Vu Babylon der Grousser gëtt gesot, datt si bei Gewässer sëtzt, déi Vëlker an Natiounen duerstellen, an datt si „iwwer d’Kinneke vun der Äerd herrscht“ (Offenbarung 17:15, 18).

  • Si ka keng politesch oder wirtschaftlech Muecht sinn. „D’Kinneke vun der Äerd“ an „d’Händler“ iwwerliewen hir Vernichtung (Offenbarung 18:9, 15).

  • Si vermëttelt e falscht Bild vu Gott. Si gëtt als Prostituéiert bezeechent, well si sech mat Regierungen aléisst, fir sech finanziell an aner Virdeeler ze verschafen (Offenbarung 17:1, 2). Si huet Mënschen aus alle Vëlker getäuscht an ass verantwortlech fir den Doud vu ville Mënschen (Offenbarung 18:23, 24).

Zeréck bei d’Lektioun 13, Punkt 6

 2. Wéini sollt de Messias kommen?

D’Bibel huet virausgesot, datt 69 Woche vergoe géife bis de Messias kënnt. (Lies Daniel 9:25.)

  • Wéini hunn déi 69 Wochen ugefaangen? Am Joer 455 v. e. Z. An deem Joer ass den Nehemia a Jerusalem ukomm, fir d’Stad „wiederherzustellen und wieder aufzubauen“ (Daniel 9:25; Nehemia 2:1, 5-8).

  • Wéi laang hunn déi 69 Woche gedauert? A muenche bibelesche Prophezeiunge steet een Dag fir ee Joer (4. Mose 14:34; Hesekiel 4:6). Eng Woch steet also fir siwe Joer. Bei 69 Woche kënnt een dann op 483 Joer (69 x 7).

  • Wéini halen déi 69 Wochen op? Rechent ee vum Joer 455 v. e. Z. nach 483 Joer dobäi, kënnt een op d’Joer 29 e. Z. a Dat ass genee dat Joer, wou Jesus sech deefe gelooss huet an de Messias ginn ass (Lukas 3:1, 2, 21, 22).

Zeréck bei d’Lektioun 15, Punkt 5

 3. Medezinesch Methoden, bei deene Blutt gebraucht gëtt

Chrëschten akzeptéiere keng Blutttransfusiounen a spenden och kee Blutt. Wéi ass et awer mam medezinesche Gebrauch vun Eegeblutt? Munches dovun – zum Beispill, wann dat eegent Blutt virun enger Operatioun gelagert gëtt – ass fir e Chrëscht net akzeptabel (5. Mose 15:23).

Et ginn awer och Verfare mat Eegeblutt, déi ee vläicht akzeptéiere kéint. Dozou gehéieren zum Beispill Bluttanalysen, Dialysen, Hämodilutioun, Cell Salvage oder de Gebrauch vun enger Häerz-Longe-Maschinn. Net all Dokter geet bei den eenzelne Verfaren d’selwecht vir. All Chrëscht muss selwer entscheeden, wéi säi Blutt gebraucht gëtt wärend enger Operatioun, enger medezinescher Untersuchung oder enger Therapie. E Chrëscht soll sech also informéieren, wat genee mat sengem Blutt geschitt, éier hien enger Operatioun, enger medezinescher Untersuchung oder enger Therapie zoustëmmt. Dozou e puer Iwwerleeungen:

  • Ugeholl, d’Blutt géif aus mengem Kierper geleet ginn an de Bluttfloss géif fir eng Zäit ënnerbrach ginn. Erlaabt mäi Gewësse mir, dëst Blutt weider als en Deel vu mir ze gesinn, esou datt et net „op de Buedem“ ausgeschott muss ginn? (5. Mose 12:23, 24).

  • Ugeholl, bei engem medezinesche Verfare gëtt mir Blutt ofgeholl, et gëtt verännert an ech kréien et iwwer de Bluttkreeslaf oder op eng aner Manéier erëm zeréck. Léisst mäi bibelesch geschoultent Gewëssen dat zou?

Zeréck bei d’Lektioun 39, Punkt 3

 4. Wann eng bestuete Koppel sech trennt

D’Bibel seet, datt eng bestuete Koppel sech net trenne soll. An si weist kloer, datt kee vun deenen zwee sech no enger Trennung nees bestueden däerf (1. Korinther 7:10, 11). Et ginn awer Situatiounen, an deene munch Chrëschten doriwwer nogeduecht hunn, sech ze trennen.

  • Absichtlech net fir den Ënnerhalt opkommen: E Mann weigert sech, fir seng Fra a seng Kanner ze suergen, esou datt et hinnen un deem feelt, wat liewensnoutwendeg ass (1. Timotheus 5:8).

  • Schwéier kierperlech Mësshandlung: Ee vun de Partner gëtt esou staark mësshandelt, datt seng Gesondheet oder säi Liewen a Gefor ass (Galater 5:19-21).

  • D’Ausliewe vum Glawen ass onméiglech: Engem vun de Partner gëtt et onméiglech gemaach, Jehova ze déngen (Apostelgeschichte 5:29).

Zeréck bei d’Lektioun 42, Punkt 3

 5. Fester a Feierdeeg

Feierdeeg, déi Jehova net gefalen, gi vu Chrëschten net gefeiert. Awer a munche Situatioune muss sech e Chrëscht mat Hëllef vu sengem bibelesch geschoulte Gewëssen entscheeden, wéi hien sech verhält. Hei e puer Beispiller:

  • Du kriss „Schéi Feierdeeg“ gewënscht. Du kéints einfach Merci soen. Wann deen anere méi gewuer wëll ginn, kanns du him erklären, firwat s du dee Feierdag net feiers.

  • Däi Partner, dee keen Zeie vu Jehova ass, freet dech, op engem Feierdag mat der Famill zesummen z’iessen. Vläicht léisst däi Gewëssen dat zou. Da wier et gutt, dengem Partner am viraus ze soen, datt s du bei heednesche Bräich net matméchs.

  • Däi Patron gëtt dir eng Primm, wéi zum Beispill Chrëschtdagsgeld. Muss du déi Sue refuséieren? Net onbedéngt. Wëll däi Patron dir just Merci soe fir déi gutt Aarbecht, déi s du d’Joer iwwer geleescht hues oder entsteet den Androck, du géifs dat Fest matfeieren, wann s du se akzeptéiers?

  • Du kriss fir e Feierdag e Kaddo. Et seet een zu dir: „Ech weess, du feiers dat net, awer ech wollt dir trotzdeem eppes schenken.“ Éier s du de Kaddo unhëls, fro dech: „Wëll hien einfach nëmme léif mat mir sinn? Wëll hien testen, wéi seriö ech mäi Glawen huelen? Oder wëll hie mech dozou bréngen, matzefeieren?“ Bei all eisen Entscheedungen ass et wichteg, e gutt Gewëssen ze hunn a Jehova trei ze bleiwen (Apostelgeschichte 23:1).

Zeréck bei d’Lektioun 44, Punkt 1

 6. Ustiechend Krankheeten

Well mir anerer gär hunn, wëlle mir si net mat enger Krankheet ustiechen. Mir géifen also gutt oppassen, wa mir Symptomer hunn oder mengen, ustiechend kënnen ze sinn. Domat komme mir dem bibelesche Gebot no: „Du sollst deinen Mitmenschen lieben wie dich selbst“ (Römer 13:8-10).

Wéi kënne mir dëst Gebot am Alldag ëmsetzen? Een dee krank ass, soll Ofstand zu aneren halen an hinne weeder eng Hand ginn nach si ëmaarmen oder këssen. Et soll een dat net negativ ophuelen, wann anerer een net bei sech heem invitéieren, well si hir Famill schütze wëllen. Wann een sech deefe loosse wëll an eng ustiechend Krankheet huet, soll een de Koordinator vun der Ältesteschaft doriwwer informéieren. Esou kann dofir gesuergt ginn, datt anerer, déi sech deefe loosse wëllen, geschützt sinn. Een deen eng fest Bezéiung agoe wëll an sech vläicht mat enger ustiechender Krankheet infizéiert huet, soll virdrun eng Bluttanalys maache loossen. Wa mir eis dorun halen, hu mir net nëmmen eis „eegen Interessen am A, mee och déi vun den aneren“ (Philipper 2:4).

Zeréck bei d’Lektioun 56, Punkt 2

 7. Rechtlech a geschäftlech Affären

Et kann ee ville Problemer aus dem Wee goen, wann ee finanziell Saache schrëftlech festhält – och ënner Glawensbridder (Jeremia 32:9-12). Et kann awer virkommen, datt een sech bei geschäftlechen oder finanziellen Affären oneens ass. An deem Fall soll een d’Saach schnell a friddlech ënner sech ausmaachen.

Wat soll ee maachen, wann et ëm méi eescht Saache geet? Zum Beispill, wann ee bedru gëtt oder béiswëlleg schlecht gemaach gëtt a säi Ruff doduerch geschiedegt gëtt? (Lies Matthäus 18:15-17.) Jesus huet dräi Schrëtt genannt:

  1. D’Saach ënner sech klären. (Dozou de Vers 15.)

  2. Wann dat net funktionéiert, dann een oder zwee räif Chrëschten dobäi huelen. (Dozou de Vers 16.)

  3. Wann dat och näischt bréngt, soll ee bei d’Älteste goen. (Dozou de Vers 17.)

Wa méiglech, soll ee mat sengem Glawensbrudder net viru Geriicht goen, well dat e schlecht Liicht op Jehova an d’Versammlung brénge kéint (1. Korinther 6:1-8). Et ginn awer munch Saachen, déi geriichtlech gereegelt musse ginn ewéi zum Beispill: Scheedungen, Suergerecht, Alimenter, Assurancen, Faillitten oder Ierfschaften. E Chrëscht geet net géint de Rot aus der Bibel, wann hien an esou Situatioune rechtlech Weeër notzt, fir d’Saach esou friddlech ewéi méiglech ze léisen.

Wann ee bei engem schwéiere Verbriechen – ewéi Vergewaltegung, Kannermëssbrauch, graven Déifstall, Iwwerfall oder Mord – eng Plainte mécht, verstéisst een net géint de Rot aus der Bibel.

Zeréck bei d’Lektioun 56, Punkt 3

a Vu 455 v. e. Z. bis 1 v. e. Z. sinn et 454 Joer. Vun 1 v. e. Z. bis 1 e. Z. ass 1 Joer vergaang (et gëtt kee Joer 0). Vun 1 e. Z. bis 29 e. Z. sinn et 28 Joer. Zesummegerechent ginn dat 483 Joer.