Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 12

Wéi kann ee Gott méi no kommen?

Wéi kann ee Gott méi no kommen?

1. Lauschtert Gott op all Gebieder?

Gott invitéiert jiddereen, him am Gebiet méi no ze kommen (Psalm 65:2). Hie lauschtert awer net op all Gebieder. Zum Beispill: Wann e Mann seng Fra schlecht behandelt, da lauschtert Gott net op säi Gebiet (1. Petrus 3:7). Esou war et mam Vollek Israel. Well si weider Schlechtes gemaach hunn, huet Gott och net op hir Gebieder gelauschtert. Gott erhéiert awer Gebieder, wann engem säi falscht Verhale leeddeet an een et da besser mécht. D’Gebiet ass wierklech eppes ganz Besonnesches. – Liest Jesaja 1:15; 55:7.

Kuckt de Video Lauschtert Gott op all Gebieder?

2. Wéi solle mir bieden?

Wa mir zu eisem Schöpfer Jehova bieden, weise mir, datt hien eise Gott ass. Dofir biede mir nëmmen zu him, an dat am Numm vu Jesus. (Matthäus 4:10; 6:9). Firwat? Jesus ass fir eis gestuerwen. Mir brauchen hien, well mir Feeler maachen an net perfekt sinn (Johannes 14:6). Jehova wëllt net, datt mir Gebieder auswenneg opsoen oder erofliesen. Hie wëllt, datt se vun Häerze kommen. – Liest Matthäus 6:7; Philipper 4:6, 7.

Mir kënnen och a Gedanken zu Gott bieden (1. Samuel 1:12, 13). Gott wënscht sech, datt mir bei all Geleeënheet zu him bieden, sief et um Ufank oder um Enn vum Dag, beim Iessen oder wa mir Problemer a Suergen hunn. – Liest Psalm 55:22; Matthäus 15:36.

3. Firwat si Chrëschte gär zesummen?

Ronderëm eis ginn et Leit, déi net u Gott gleewen. Si maachen de Geck mat sengem Verspriechen, fir Fridden op der Äerd ze suergen. Dat mécht et net einfach, fir Gott no ze sinn (2. Timotheus 3:1, 4; 2. Petrus 3:3, 13). Dowéinst si mir gäre mat Leit zesummen, déi eis Courage maachen an dat selwecht gleewen. Si brauchen eis a mir brauchen si. – Liest Hebräer 10:24, 25.

Mat Leit zesummen ze sinn, déi Gott gär hunn, hëlleft eis, Gott méi no ze sinn. An de Versammlunge vun den Zéie vu Jehova huet een d’Méiglechkeet, een deem aneren ze hëllefen, am Glawe staark ze bleiwen. – Liest Römer 1:11, 12.

4. Wéi kann ee Gott méi no kommen?

Mir komme Gott méi no, wa mir wierklech doriwwer nodenken, wat mir aus sengem Wuert, der Bibel, geléiert hunn. Dofir denke mir un dat, wat hien fir eis gemaach huet, wat hien sech vun eis wënscht a wat hien eis versprach huet. Ëmmer nees am Gebiet doriwwer nozedenken, vergréissert eis Dankbarkeet fir Gott seng Léift a säi praktesche Rot. – Liest Josua 1:8; Psalm 1:1-3.

U Gott gleewen bedeit, iwwerzeegt ze sinn, datt et hie gëtt an een sech op hie verloosse kann. Nëmmen esou kënnt ee Gott méi no. Geneesou wéi eng Planz ëmmer nees Waasser braucht, fir net anzegoen, musse mir ëmmer nees drun erënnert ginn, firwat mir gleewen, an och eppes fir eise Glawe maachen. – Liest Matthäus 4:4; Hebräer 11:1, 6.

5. Wat hu mir dovun, Gott méi no ze kommen?

Wa mir Jehova gär hunn, da suergt hie fir eis. Hien hält alles ewech, wat eise Glawen an eis Hoffnung op éiwegt Liewen a Gefor ka bréngen (Psalm 91:1, 2, 7-10). Hie warnt eis och, näischt ze maachen, wat eiser Gesondheet schued oder eis d’Freed um Liewen hëlt. Jehova weist eis de beschte Wee, fir glécklech ze sinn. – Liest Psalm 73:27, 28; Jakobus 4:4, 8.