JÜNGER MAACHEN
LEKTIOUN 12
Mutt hunn, eppes unzeschwätzen
Grondsaz: „Ueleg a Weirauch maachen d’Häerz frou, esou och eng gutt Frëndschaft, déi duerch éierleche Rot entsteet“ (Spr. 27:9)
Wéi Jesus virgaang ass
1. De VIDEO kucken, oder Markus 10:17-22 liesen. Dozou dës Froen:
Wat léiere mir vu Jesus?
2. Et ass wichteg, léif an och offe mam Bibelschüler ze schwätzen, fir him ze hëllefen, Fortschrëtter ze maachen.
Maach et ewéi Jesus
3. Hëllef dengem Bibelschüler, sech Ziler ze setzen an se ze erreechen.
-
Gebrauch d’„Zil“ um Enn vun all Lektioun am Buch Glécklech fir ëmmer.
-
Hëllef dengem Bibelschüler erauszefannen, wat hie maache muss, fir esouwuel kuerz- wéi och laangfristeg Ziler ze erreechen.
-
Luef hie reegelméisseg fir dat, wat hie schonn erreecht huet.
4. Fann eraus, wat däi Bibelschüler drun hënnert, Fortschrëtter ze maachen, an hëllef him dës Schwieregkeeten ze iwwerwannen.
-
-
Wa mäi Bibelschüler net op d’Daf hischafft, wat kéint d’Ursaach sinn?
-
Wat kann ech maachen, fir him ze hëllefen?
-
-
Fro Jehova, dir de Mutt ze ginn, fir dengem Bibelschüler offen a léif ze soen, wat hie maache muss.
5. Hal mam Bibelcours op, wann en net produktiv ass.
-
Versich erauszefannen, ob de Bibelcours produktiv ass. Fro dech dofir:
-
Setzt de Bibelschüler dat ëm, wat hie léiert?
-
Kënnt hien an d’Versammlung a schwätzt hie mat aneren iwwer d’Wouerecht?
-
Wëll hien, nodeem hie schonn eng länger Zäit studéiert huet, en Zeie vu Jehova ginn?
-
-
Wann e Bibelschüler net bereet ass, Fortschrëtter ze maachen:
-
Fro hien, doriwwer nozedenken, wat hien zeréckhält.
-
Erklär him frëndlech, firwat s du mam Bibelcours ophäls.
-
So him, wat hien ännere muss, fir mam Bibelcours kënne weiderzefueren.
-