E GESPRÉICH UFÄNKEN
LEKTIOUN 5
Déi richteg Wierder wielen
Grondsaz: „Är Wierder sollen ëmmer frëndlech sinn“ (Kol. 4:6)
Wéi de Paulus virgaang ass
1. De VIDEO kucken, oder Apostelgeschichte 17:22, 23 liesen. Dozou dës Froen:
-
Wat ass am Paulus virgaang, wéi hien déi falsch reliéis Bräich an der Stad Athen beobacht huet? (Dozou Apostelgeschichte 17:16.)
-
De Paulus huet d’Atheener net fir dat verurteelt, wat si gegleeft hunn. Wéi huet hien taktvoll op hiren Usiichten opgebaut, fir vun der gudder Noriicht ze erzielen?
Wat léiere mir vum Paulus?
2. D’Leit lauschteren eis éischter no, wa mir gutt oppassen, wat mir soen, wéi mir et soen a wéini.
Maach et ewéi de Paulus
3. Wiel déi richteg Wierder. Wann s du zum Beispill mat engem schwätz, dee kee chrëschtlechen Hannergrond huet, ass et wichteg opzepassen, wéi s du dech op d’Bibel an op Jesus bezitts.
4. Korrigéier net alles, wat däi Vis-à-vis seet. Looss hie fräi eraus soen, wat hien denkt. Korrigéier hien net, wann hien eppes seet, wat deem widdersprécht, wat an der Bibel steet (Jak. 1:19). Wann s du gutt nolauschters, gëss du gewuer, wéi hien denkt a firwat hien esou denkt (Spr. 20:5).
5. Versich d’Persoun ze luewen an hir zouzestëmmen, wann et ubruecht ass. Si ass warscheinlech éierlech dovun iwwerzeegt, datt dat, wat si gleeft, richteg ass. Sich fir d’éischt no Gemeinsamkeeten, bau dorop op an hëllef hir Schrëtt fir Schrëtt ze verstoen, wat d’Bibel léiert.