Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 130

Gär verzeien

Gär verzeien

(Psalm 86:5)

  1. 1. Eise Papp Jehova

    huet voll Léift säi Jong hierginn.

    Fräi vu Sënn an Doud mir kënnen

    duerch dëst Léisegeld gläich sinn.

    Biede mir am Numm vu Jesus

    a vun Häerzen hu bereit,

    well e Feeler eis sou leeddeet,

    da Jehova eis verzeit.

  2. 2. Och wann et mol virkënnt,

    dass e Brudder eis wéideet,

    wëlle mir si wéi Jehova,

    weisen him Baarmhäerzegkeet.

    Mir verzeie gär seng Feeler,

    mat vill Léift a mat Gedold.

    Wa mir sou eis Bridder éi’ren,

    Gott verzeit och gär eis Schold.

  3. 3. Si mir déif blesséiert,

    dann et munchmol schwéier ass,

    een deem an’ren ze verzeien,

    ouni Roserei an Haass.

    Wa mir Gott gär imitéi’ren,

    mir da Feeler iwwersinn –

    maache sou Jehova glécklech

    an eist Häerz ka frou rëm sinn.