Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 138

Gro Hoer – eng schéi Kroun

Gro Hoer – eng schéi Kroun

(Sprüche 16:31)

  1. 1. Eis léif eeler Frënn sinn hei,

    déngen dir loyal.

    Halen aus a ginn net op,

    trotz all Péng a Qual.

    Si léif Mënschen hu verluer,

    mee de Glawen net.

    Däi Versprieche mécht si staark,

    et gläich wouer gëtt.

    (REFRAIN)

    Ni wäerts du vergiessen,

    wat si ginn all Dag.

    Léiss si deng Léift spieren,

    sees stolz: „Gutt gemaach!“

  2. 2. Hir gro Hoer sinn eng Pracht,

    sou schéi wéi eng Kroun.

    All déi Trei ganz wäertvoll sinn,

    grouss ass hire Loun.

    Ni vergiessen däerfe mir,

    jonk mol ware si

    a loyal hiert Bescht hu ginn,

    voller Energie.

    (REFRAIN)

    Ni wäerts du vergiessen,

    wat si ginn all Dag.

    Léiss si deng Léift spieren,

    sees stolz: „Gutt gemaach!“