Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 28

Frëndschaft mat Jehova

Frëndschaft mat Jehova

(Psalm 15)

  1. 1. Kann ee Gott säi Frënd ginn?

    Him ëmmer ganz no sinn?

    Wiem schenkt Gott Léift a wie mécht hie frou?

    Wéi kann ech dat gesinn?

    Gott säi Wuert eis et seet:

    All, déi Gott gären hunn,

    all, déi loyal sinn, gäre verzei’n,

    all, déi trei zu him stinn.

  2. 2. Kann ech Gott säi Frënd sinn?

    Gaascht sinn a sengem Zelt?

    Hie glécklech maachen? Weise meng Léift?

    Wéi kréien ech dat hin?

    Wann ech Gott mäi Bescht ginn,

    maachen, wat hie mir seet.

    A mengem Liewen, a mengem Häerz

    éierlech ëmmer sinn.

  3. 3. Bass eise beschte Frënd!

    Wëssen egal wat kënnt,

    suergs ëmmer fir eis; léiss eis net lass,

    wann et mol schwéier ass.

    Vun Häerze mir dir so’n:

    Hunn eis fir dech entscheet!

    Wëlle fir ëmmer trei mat dir go’n,

    Frënn si fir d’Éiwegkeet.