Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 7

Duerch Jehova sinn ech staark

Duerch Jehova sinn ech staark

(Jesaja 12:2)

  1. 1. Du, o Jehova, bass meng Stäerkt a Muecht.

    Du hues mir Rettung an Zouversiicht bruecht.

    Ech sinn däin Zeien, gi vun Dier zu Dier,

    bréngen deng Noriicht an ziele vun dir.

    (REFRAIN)

    Jehova, mäi Fiels, duerch dech sinn ech staark;

    vun denger Muecht gär zielen all Dag.

    Du bass mäi Papp an ech lafe bei dech;

    eng sécher Plaz bei Stuerm bass du fir mech.

  2. 2. Säit ech dech kennen, weess ech ganz genee,

    wéi ech soll liewen – du weis mir de Wee.

    Vun dengem Wuert sinn ech fest iwwerzeegt

    a fir däi Kinnekräich hu mech entscheet.

    (REFRAIN)

    Jehova, mäi Fiels, duerch dech sinn ech staark;

    vun denger Muecht gär zielen all Dag.

    Du bass mäi Papp an ech lafe bei dech;

    eng sécher Plaz bei Stuerm bass du fir mech.

  3. 3. Däi Wëlle man ech mat Häerz a Verstand.

    Satan huet guer keng Chance – du häls meng Hand.

    Och wa gepréift gëtt meng Loyalitéit,

    stinn ech gär an fir deng Souv’ränitéit.

    (REFRAIN)

    Jehova, mäi Fiels, duerch dech sinn ech staark;

    vun denger Muecht gär zielen all Dag.

    Du bass mäi Papp an ech lafe bei dech;

    eng sécher Plaz bei Stuerm bass du fir mech.