Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 88

Weis mir däi Wee

Weis mir däi Wee

(Psalm 25:4)

  1. 1. Jehova mir sinn hei zesummen dank dir

    a freeën eis op deng Beléi’rung.

    Däi Wuert ass eis Luucht, gëtt Liicht an der Däischtert –

    verloossen eis ganz op deng Féi’rung.

    (REFRAIN)

    Weis mir däi Wee an hëllef mir gesinn,

    wéi däi Gesetz en Deel vu mir ka ginn.

    Ech loosse mech vun denge Wierder dro’n.

    Op dengem Wee wëll ech trei weidergo’n.

  2. 2. Onendlech deng Wäisheet, däin Urteel gerecht.

    Sou wäertvoll fir eis deng Beléi’rung!

    Däi Wuert gëtt eis Trouscht, eist Häerz déif beréiert.

    Sou dankbar si mir fir deng Féi’rung!

    (REFRAIN)

    Weis mir däi Wee an hëllef mir gesinn,

    wéi däi Gesetz en Deel vu mir ka ginn.

    Ech loosse mech vun denge Wierder dro’n.

    Op dengem Wee wëll ech trei weidergo’n.