„Däi Kinnekräich soll kommen“ – e Gebiet vu Millioune Mënschen
Hutt Dir schonn emol ëm Gott säi Kinnekräich gebiet? Am Laf vun de Joerhonnerten hu Millioune Mënschen dëst Gebiet widderholl: „Däi Kinnekräich soll kommen.“ Firwat? Well Jesus seng Jünger dozou opgefuerdert huet.
Jesus seng Jünger hunn am Ufank net genee verstanen, wat mat dësem Kinnekräich gemengt ass. Si hunn hien eemol gefrot: „Här, wäerts du zu dëser Zäit d’Kinnekräich nees hierstellen?“ Warscheinlech ware si iwwerrascht, datt Jesus net direkt op dës Fro agaangen ass (Apostelgeschichte 1:6, 7, BFL). Heescht dat, datt een net erausfanne kann, wat Gott säi Räich ass a wéini et kënnt? Absolut net!
Dës Zäitschrëft beäntwert verschidde Froen zu dësem Theema:
Firwat brauche mir Gott säi Kinnekräich?
Wien ass de Kinnek vu Gott sengem Kinnekräich?
Wéini regéiert Gott säi Kinnekräich iwwer d’Äerd?
Wat bewierkt Gott säi Kinnekräich an der Zukunft?
Firwat sech elo fir Gott säi Kinnekräich entscheeden?
Wat ass Gott säi Kinnekräich?