Firwat brauche mir Gott säi Kinnekräich?
Am Ufank vun der Mënschheetsgeschicht gouf et just een eenzegen Herrscher – eise Schöpfer Jehova. Seng Herrschaft war vu Léift gepräägt. Hien huet de Mënschen e wonnerschéint Doheem gemaach, de Gaart Eden. Do gouf et Iessen am Iwwerfloss. Ausserdeem huet hien de Mënschen eng sënnvoll Aarbecht ginn, déi hinne Freed gemaach huet (1. Mose 1:28, 29; 2:8, 15). Wa si Gott seng Herrschaft akzeptéiert hätten, hätt d’Mënschheet a Fridde liewe kënnen.
Aus der Bibel gi mir gewuer, datt en Engel géint Gott rebelléiert a säi Recht ze herrschen a Fro gestallt huet. Dësen Engel ass spéider Satan, den Däiwel, genannt ginn. Hien huet ugedeit, datt d’Mënsche méi glécklech wieren ouni Gott seng Herrschaft a Leedung. Leider hu sech eis Urelteren, den Adam an d’Eva, dem Däiwel ugeschloss an och géint Gott rebelléiert (1. Mose 3:1-6; Offenbarung 12:9).
Den Adam an d’Eva hu Gott seng Autoritéit ofgeleent. Dofir hu si hiert Doheem am Paradis verluer, grad esou wéi hir Hoffnung, fir ëmmer a perfekter Gesondheet ze liewen (1. Mose 3:17-19). Hir Entscheedung huet sech och negativ op hir Kanner ausgewierkt. D’Bibel weist, datt duerch den Adam „d’Sënn an d’Welt koum an duerch d’Sënn den Doud“ (Römer 5:12, BFL). D’Sënn hat nach eng aner tragesch Konsequenz: „De Mënsch huet iwwer de Mënsch zu sengem Schued geherrscht“ (Prediger 8:9). An anere Wierder: Wa Mënsche regéieren, si Problemer virprogramméiert.
D’MËNSCHE FÄNKE MAT HERRSCHEN UN
Den éischte mënschlechen Herrscher vun deem d’Bibel schwätzt, war den Nimrod. Hien huet sech géint Jehova seng Herrschaft opgeleent. Säitdeem hunn ëmmer erëm mächteg Persounen hir Autoritéit mëssbraucht. Viru ronn 3 000 Joer huet de Kinnek Salomo geschriwwen: „Ich sah die Unterdrückten weinen und niemand tröstete sie. Niemand tröstete sie und die Unterdrücker hatten die Macht“ (Prediger 4:1).
Dorun huet sech bis haut näischt geännert. 2009 stoung an enger Publikatioun vun de Vereenten Natiounen: „Schlechte Regierungsführung wird mehr und mehr als eine Hauptursache für all das Negative in der Gesellschaft betrachtet.“
ET MUSS EPPES GESCHÉIEN!
D’Welt brauch besser Herrscher an eng besser Regierungsform. A genee dat huet Gott versprach.
Gott huet eng Regierung opgeriicht, déi an Zukunft all mënschlech Herrschaft ersetzt an da „fir ëmmer“ bestoe bleift (Daniel 2:44). Dës Regierung ass dat Kinnekräich, ëm dat Millioune Mënsche bis haut bieden (Matthäus 6:9, 10). Allerdéngs regéiert Gott net selwer. Hien huet dofir eng Persoun ausgewielt, déi schonn emol als Mënsch op der Äerd gelieft huet. Wien?