Muss een enger Relioun ugehéieren?
D’Äntwert aus der Bibel
Jo, well Gott wëll, datt mir zesummekommen, fir hien unzebieden. D’Bibel seet: „Auch lasst uns aufeinander achten und uns gegenseitig zur Liebe und zu guten Taten motivieren. Und geben wir unser Zusammenkommen nicht auf“ (Hebräer 10:24, 25, Foussnout).
Jesus huet gewisen, datt seng Nofollger zu enger organiséierter Gemeinschaft géife gehéieren. Hie sot: „Daran werden alle erkennen, dass ihr meine Jünger seid: wenn ihr Liebe zueinander habt“ (Johannes 13:35). Haaptsächlech hu Jesus seng Jünger dës Léift gewisen, andeems si sech souwuel privat, wéi och reegelméisseg a Versammlunge getraff hunn, fir Gott unzebieden (1. Korinther 16:19). Weltwäit gesinn, géife si eng Glawensgemeinschaft bilden, déi wéi eng Famill fest zesummenhält (1. Petrus 2:17).
Et geet net duer nëmmen enger Relioun unzegehéieren
Der Bibel no, ass et scho ganz wichteg, datt een zesummekënnt fir Gott unzebieden. Si weist awer och, datt et net duer geet just Member vun enger Relioun ze sinn. Fir Gott ass et wichteg, datt d’Relioun en Afloss op dat deeglecht Liewen huet. D’Bibel seet zum Beispill: „Die Religion, die vom Standpunkt unseres Gottes und Vaters rein und makellos ist, sieht so aus: nach Waisenkindern und Witwen in ihrer Not zu sehen und unbefleckt von der Welt zu bleiben“ (Jakobus 1:27, Foussnout).