Zeréck bei den Inhalt

Wéi konnt et zum Holocaust kommen? Firwat huet Gott en net verhënnert?

Wéi konnt et zum Holocaust kommen? Firwat huet Gott en net verhënnert?

 Muncher, déi dës Fro stellen, hu perséinlech schonn ënnert engem grousse Verloscht gelidden a sichen net nëmmen Äntwerten, mee och Trouscht. Fir anerer ass den Holocaust ee vun deene schlëmmste Verbriechen an der Mënschheetsgeschicht. Dowéinst fält et hinne schwéier, iwwerhaapt nach u Gott ze gleewen.

Falsch Virstellungen iwwer Gott an den Holocaust

 Wat muncher denken: Et däerf een net froen, firwat Gott den Holocaust erlaabt huet.

 Wat richteg ass: Esouguer Mënsche mat engem staarke Glawen hu gefrot, firwat Gott dat Béist erlaabt. De Prophéit Habakuk huet zum Beispill Gott gefrot: „Warum lässt du mich Unrecht mit ansehen. Warum tolerierst du Unterdrückung? Warum gibt es um mich herum Zerstörung und Gewalt? Warum so viel Streit, so viele Konflikte?“ (Habakuk 1:3). Gott huet den Habakuk awer net op d’Plaz gesat. Hien huet esouguer seng Froen an der Bibel opschreiwe gelooss, fir datt jidderee se liese kann.

 Wat muncher denken: Gott ass et egal, wa Mënsche leiden.

 Wat richteg ass: Gott haasst alles, wat béis ass a wa Mënschen dowéinst leiden (Sprüche 6:16-19). Zur Zäit vum Noah huet et Gott „am Häerze wéigedoen“, well d’Mënsche grausam a brutal waren (1. Mose 6:5, 6). Mir kënne sécher sinn, datt et him och schrecklech wéigedoen huet ze gesinn, wat wärend dem Holocaust geschitt ass (Maleachi 3:6).

 Wat muncher denken: Gott huet d’Judden duerch den Holocaust bestrooft.

 Wat richteg ass: Gott huet zwar zougelooss, datt Jerusalem am éischte Joerhonnert vun de Réimer zerstéiert ginn ass (Matthäus 23:37 bis 24:2). Mee säitdeem huet Gott kee Vollek méi virgezunn oder extra bestrooft. Bei Gott „gëtt et nämlech keen Ënnerscheed tëschent Judden a Griichen“ (Römer 10:12).

 Wat muncher denken: Wann et e léiwen an allmächtege Gott géif ginn, hätt hien den Holocaust verhënnert.

 Wat richteg ass: Obwuel Gott nimools Leed verursaacht, léisst hien et awer eng gewëssen Zäit zou (Jakobus 1:13; 5:11).

Firwat huet Gott den Holocaust zougelooss?

 Gott huet den Holocaust aus dem selwechte Grond zougelooss, wéi hie Leed am grousse Ganzen zouléisst: fir grondleeënd Froen ze klären, déi viru laanger Zäit opgetaucht sinn. D’Bibel weist ganz kloer, datt d’Welt haut net vu Gott, mee vum Däiwel beherrscht gëtt (Lukas 4:1, 2, 6; Johannes 12:31). Zwee grondleeënd Fakten aus der Bibel kënnen hëllefen ze verstoen, firwat Gott den Holocaust zougelooss huet.

  1.   Gott huet de Mënschen e fräie Wëlle ginn. Gott huet den éischte Mënschen, dem Adam an Eva, gesot, wat hie vun hinnen erwaart. Mee hien huet si net forcéiert, sech dorun ze halen. Si hunn decidéiert, selwer ze entscheeden, wat gutt a schlecht ass. Dat war eng schlecht Entscheedung, déi – ewéi vill aner schlecht Entscheedungen an der Mënschheetsgeschicht – schlëmm Konsequenze fir d’Mënschheet hat (1. Mose 2:17; 3:6; Römer 5:12). Et ass esou, wéi et am Buch Statement of Principles of Conservative Judaism steet: „E groussen Deel vum Leed op der Welt ass eng direkt Konsequenz vum Mëssbrauch vum fräie Wëllen, dee Gott eis ginn huet.“ Amplaz de Mënschen hire fräie Wëllen ewechzehuelen, huet Gott hinnen Zäit ginn auszeprobéieren, ob si ouni hien eens ginn.

  2.   Gott kann a wäert alles erëm gutt maachen. Gott huet versprach, Millioune Mënschen, déi gestuerwe sinn, erëm zum Liewen ze bréngen. Dozou gehéieren och d’Affer vum Holocaust. Hie suergt dann dofir, datt kee méi ënner traumateschen Erënnerunge leide muss (Jesaja 65:17; Apostelgeschichte 24:15). Gott seng Léift fir d’Mënsche gëtt eis d’Garantie, datt hie säi Verspriechen hält (Johannes 3:16).

 Vill vun deenen, déi den Holocaust iwwerlieft hunn, hunn et gepackt hire Glawen net ze verléieren an e Sënn an hirem Liewen ze fannen. Wéi? Si hu verstanen, firwat Gott Leed zouléisst an datt hie fest entschloss ass, alles erëm gutt ze maachen.