Wat ass d’Sënn?
D’Äntwert aus der Bibel
Als Sënn bezeechent een alles, wat géint Gott seng Prinzippie geet. Dat kënne Saache sinn, déi ee mécht, fillt oder denkt. Wann een eppes mécht, wat aus Gott senger Siicht falsch oder onrecht ass, iwwertrëtt ee Gott seng Gesetzer (1. Johannes 3:4; 5:17). Ausserdeem seet d’Bibel, datt et eng Sënn ass, wann een ënnerléisst, dat ze maachen, wat richteg ass (Jakobus 4:17).
An de Sproochen, an deenen d’Bibel geschriwwe gouf, bedeiten déi Wierder fir Sënn „en Zil verfeelen“. Zum Beispill gouf et am alen Israel Zaldoten, déi ganz geschéckt dora waren, mat der Schleider Steng ze schéissen. Si hunn „hoergenee“ getraff, „ouni d’Zil ze verfeelen“. Den Ausdrock „ouni ze verfeelen“ kéint ee wuertwiertlech och mat „ouni ze sënnegen“ iwwersetzen (Richter 20:16). Wann ee sënnegt, verfeelt een also d’Zil, Gott seng perfekt Moossstief anzehalen.
Gott ass eise Schöpfer. Dofir huet hien d’Recht, Moossstief fir d’Mënsche festzeleeën (Offenbarung 4:11). Jiddereen ass viru Gott verantwortlech fir dat, wat hie mécht (Römer 14:12).
Ass et méiglech, guer net ze sënnegen?
Nee. D’Bibel seet, firwat et esou ass: „Well jidderee gesënnegt an d’Herrlechkeet vu Gott net erreecht huet“ (Römer 3:23, BFL; 1. Könige 8:46; Prediger 7:20; 1. Johannes 1:8). Wéi koum et dozou?
Déi éischt Mënschen, den Adam an d’Eva, waren am Ufank ouni Sënn, well si perfekt, „a Gott sengem Bild“, erschafe goufen (1. Mose 1:27). Awer wéi si opgehalen hunn, Gott ze follegen, ware si net méi perfekt (1. Mose 3:5, 6, 17-19). Si hunn hire Kanner hir Onvollkommenheet an d’Sënn ewéi eng Krankheet verierft (Römer 5:12). Et ass esou wéi de Kinnek David vun Israel sot: „In Sünde empfing mich meine Mutter“ (Psalm 51:5).
Si munch Sënne méi schlëmm ewéi anerer?
Jo. D’Bibel seet zum Beispill: „D’Männer vu Sodom ware schlecht“, an hir Sënne ware „ganz schwéier“ (1. Mose 13:13; 18:20). Wéi kënne mir erausfannen, wat eng schwéier Sënn ass? Dozou dräi Froen:
Wéi schwéier ass d’Sënn? D’Bibel warnt viru schwéiere Sënnen ewéi sexuell Onmoral, iwwerméissegen Alkoholkonsum, Mord, Spiritismus, Veréierung vu Gëtzen, Déifstall an Erpressung (1. Korinther 6:9-11; Offenbarung 21:8). Dës Sënne sti laut der Bibel am Géigesaz zu Sënnen, déi een net absichtlech an ouni ze iwwerleeë mécht, ewéi zum Beispill wann een eppes mécht oder seet, wat anerer verletzt (Sprüche 12:18; Epheser 4:31, 32). Awer mir solle keng Sënne verharmlosen, well kleng Sënnen zu méi schwéiere Verstéiss géint Gott seng Gesetzer féiere kënnen (Matthäus 5:27, 28).
Aus wéi enger Absicht sënnegt een? Munch Leit sënnegen, well si Gott seng Prinzippien net kennen (Apostelgeschichte 17:30; 1. Timotheus 1:13). Och wann d’Bibel esou Sënnen net entschëllegt, ënnerscheet si se awer vu Sënnen, bei deenen ee Gott seng Gesetzer absichtlech brécht (4. Mose 15:30, 31). Absichtlech Sënne kommen aus engem „béisen Häerz“ (Jeremia 16:12).
Wéi oft sënnegt een? D’Bibel mécht en Ënnerscheed tëschent enger Sënn, déi een eng Kéier mécht an enger, déi een ëmmer erëm mécht (1. Johannes 3:4-8). Wann een ëmmer erëm absichtlech sënnegt, obwuel ee weess, wat richteg ass, gëtt ee vu Gott verurteelt (Hebräer 10:26, 27).
Wann ee schwéier sënnegt, kënne Scholdgefiller ee staark belaaschten. De Kinnek David huet zum Beispill geschriwwen: „Denn meine Vergehen türmen sich über meinem Kopf auf. Wie eine schwere Last sind sie mehr, als ich ertragen kann“ (Psalm 38:4). Awer d’Bibel mécht eis Mutt: „Der böse Mensch soll seinen Weg verlassen, der schlechte Mensch soll seine Gedanken aufgeben. Er soll zu Jehova umkehren, der Erbarmen mit ihm haben wird, zu unserem Gott, denn er wird ihm großzügig vergeben“ (Jesaja 55:7).