Zeréck bei den Inhalt

Firwat leeft d’Abendmahl bei den Zeie vu Jehova anescht of ewéi bei aner Reliounen?

Firwat leeft d’Abendmahl bei den Zeie vu Jehova anescht of ewéi bei aner Reliounen?

 Mir halen eis genee un dat, wat d’Bibel iwwer d’Abendmahl seet. Et ass och nach bekannt als Abendmahl vum Här, Gedenkfeier u Jesus säin Doud oder „Moolzecht vum Här“ (1. Korinther 11:20, BFL). Wat d’Abendmahl ugeet, baséieren sech vill Usiichten a Bräich vun aner Reliounen net op d’Bibel.

Den Zweck

 D’Abendmahl gëtt gefeiert, fir sech u Jesus Christus ze erënneren a fir ze weisen, datt mir fir säin Affer dankbar sinn (Matthäus 20:28; 1. Korinther 11:24). Dës Feier ass kee Sakrament, also kee Brauch fir Gott seng Gonscht ze kréien oder fir datt engem seng Sënne verzie ginn. a Der Bibel no, kréie mir eis Sënnen net duerch eng reliéis Zeremonie verzien, mee nëmmen duerch de Glawen u Jesus (Römer 3:25; 1. Johannes 2:1, 2).

Wéi oft?

 Jesus huet senge Jünger d’Gebot ginn d’Abendmahl ze feieren, allerdéngs huet hien hinnen net gesot, wéi oft si dat maache sollen (Lukas 22:19). Munch mengen, si missten et all Mount feieren, anerer mengen all Woch, all Dag oder esouguer e puermol am Dag. An nach anerer maachen dat ganz no hirem Gefill. b Dozou elo e puer Punkte fir nozedenken.

 Jesus huet d’Abendmahl um selwechten Dag gefeiert, ewéi d’Judden d’Passafest. Hien ass och um nämlechten Dag gestuerwen (Matthäus 26:1, 2). Dat war keen Zoufall. D’Bibel vergläicht Jesus säin Affer, mam Affer vum Passalamm (1. Korinther 5:7, 8). D’Passa gouf eemol am Joer gefeiert (2. Mose 12:1-6; 3. Mose 23:5). A geneesou hunn och déi éischt Chrëschten d’Gedenkfeier u Jesus säin Doud eemol am Joer ofgehalen. c An d’Zeie vu Jehova halen sech genee un dëst bibelescht Beispill.

Wéini?

 Dat éischt Abendmahl ass d’Muster, dat virgëtt wéi oft, op wéi engem Dag an zu wéi enger Dageszäit et gefeiert soll ginn. Jesus huet d’Abendmahl de 14. Nisan 33 nom Sonnenënnergang agefouert. Dat war am Aklang mam bibelesche Moundkalenner (Matthäus 26:18-20, 26). Dowéinst kommen all Joer op dësem Dag d’Zeie vu Jehova zesummen, fir sech u Jesus säin Doud ze erënneren. d Esou imitéieren si d’Beispill vun den éischte Chrëschten.

 Och wann d’Gedenkfeier de 14. Nisan am Joer 33 op engem Freideg war, bedeit dat net, datt si elo ëmmer freides muss ofgehale ginn. Fir erauszefannen op wéi en Dag déi nächst Gedenkfeier fält, gebrauche mir déi selwecht Method, wéi deemools zu Jesus senger Zäit. Dat heescht, mir halen eis net un de jüddesche Kalenner, deen haut üblech ass. e

D’Brout an de Wäin

 Beim éischten Abendmahl huet Jesus d’Brout ouni Hief an de roude Wäin gebraucht, déi nach vum Passafest iwwereg waren (Matthäus 26:26-28). An dowéinst huele mir och haut Brout ouni Hief oder soss Zousätz a puere roude Wäin, ouni Zocker a Gewürzer. Drauwejus kënnt bei eis och net a Fro.

 Munch Relioune benotze Brout mat Hief oder Sauerdeeg. Awer an der Bibel ass Sauerdeeg oft e Symbol fir d’Sënn oder fir eppes, wat verduerwen ass (Lukas 12:1; 1. Korinther 5:6-8; Galater 5:7-9). A well Jesus ouni Sënn war, ass och nëmme Brout ouni Hief an aner Zousätz e passend Symbol fir säi Kierper (1. Petrus 2:22). A munche Reliounen ass et verbueden Alkohol ze drénken an dofir ersetzen si de Wäin duerch Drauwejus. Awer dës Usiicht ass net an der Bibel ze fannen (1. Timotheus 5:23).

Nëmme symbolesch, net wuertwiertlech

 D’Brout an de Wäin, déi um Abendmahl servéiert ginn, si just Symboler fir Jesus säi Kierper a säi Blutt. Si ginn net duerch e Wonner zu Fleesch a Blutt ëmgewandelt, wéi muncher dat mengen. Interessant ass, wat d’Bibel dozou seet.

  •   Jesus hat senge Jünger net gesot, si solle Blutt drénken. Hien huet Gott säi Gesetz a Verbindung mam Blutt genee kannt, nämlech datt d’Blutt helleg ass (1. Mose 9:4; Apostelgeschichte 15:28, 29). Jesus hätt si bestëmmt ni opgefuerdert eppes ze maachen, wat géint d’Hellegkeet vum Blutt verstéisst (Johannes 8:28, 29).

  •   D’Apostelen hunn net wierklech Jesus säi Blutt gedronk. Hien hätt soss net kéinte soen, datt säi Blutt „ausgeschott gëtt“ (Matthäus 26:28, BFL). Dat weist, datt säin Afferdoud nach geschéie misst.

  •   Jesus huet sech „ee fir alle Mol“ geaffert (Hebräer 9:25, 26, BFL). Géif d’Brout an de Wäin beim Abendmahl wierklech a Jesus säi Leif a Blutt verwandelt ginn, da géif hie jo all Kéier op en Neits geaffert ginn.

  •   Jesus sot: „Maacht dat hei als Erënnerung u mech“. Hien huet vun erënneren geschwat, net vun afferen (1. Korinther 11:24, BFL).

 Muncher gleewen, datt d’Brout an de Wäin wierklech zu Jesus sengem Fleesch a Blutt ginn (Transsubstantiatioun). Si baséieren sech dobäi op munch Bibeliwwersetzungen, déi Jesus seng Wierder aus Matthäus 26:28 esou erëmginn: „Dat hei ass mäi Blutt“. Awer dat kann och esou iwwersat ginn: „Dat bedeit mäi Blutt“ oder „Dat steet fir mäi Blutt“. Jesus huet dacks Vergläicher gebraucht an dat war och hei de Fall. f

Wien hëlt dovun?

 Wann d’Zeie vu Jehova d’Abendmahl feieren, si just vereenzelt Leit, déi vum Brout a Wäin huelen. Mee firwat?

 Mat Jesus sengem ausgeschottene Blutt huet hien „en neie Bond“ agesat, deen de Bond tëschent Gott an der Natioun Israel ersat huet (Hebräer 8:10-13). Nëmmen déi, déi zu dësem neie Bond gehéieren, huelen op der Gedenkfeier vun de Symboler. Dat sinn net alleguer d’Chrëschten, mee just déi, déi vu Gott op eng besonnesch Manéier dozou beruff gi sinn (Hebräer 9:15; Lukas 22:20). Si wäerte mat Christus am Himmel regéieren. D’Bibel weist, datt d’Zuel vun dëse Persounen op 144 000 limitéiert ass (Lukas 22:28-30; Offenbarung 5:9, 10; 14:1, 3).

 Déi meescht vun eis gehéieren net zu dëser „klenger Häerd“, déi mat Jesus am Himmel regéieren, mee zu der grousser „Volksmenge“, déi d’Aussiicht huet, fir ëmmer op der Äerd ze liewen (Lukas 12:32, BFL; Offenbarung 7:9, 10). Déi, déi d’Hoffnung hunn éiweg op der Äerd ze liewen, huelen zwar net vun de Symboler, awer si sinn trotzdeem op der Feier dobäi, fir hir Dankbarkeet fir Jesus säin Affer auszedrécken (1. Johannes 2:2).

a „Den Ausdrock Sakrament kënnt am Neien Testament net vir. Och dat griichescht Wuert μυστήριον [my·steʹri·on] gëtt a kengem Fall op d’Daf, d’Abendmahl vum Här oder op soss eng Zeremonie ugewant“ (McClintock und Strongs Cyclopedia, Band 9, Säit 212).

b Ettlech Bibeliwwersetzunge gebrauchen a Verbindung mam Abendmahl den Ausdrock „sooft“. Muncher hunn doropshi gemengt, d’Abendmahl kéint egal wéi oft gefeiert ginn. An dësem Kontext bedeit dat Wuert „sooft“ op griichesch „all Kéiers“ oder „wann immer“ (1. Korinther 11:25, 26, BFL; Begegnung fürs Leben).

c Kuckt Theologische Realenzyklopädie, Band 25, Säit 517-519 an Calwer Kirchenlexikon, Zweete Band, Säit 429, 430).

d Kuckt Lexikon für Theologie und Kirche, Band 7, Säit 1273-1275.

e Am jüddesche Kalenner vun haut riicht sech den Ufank vum Mount Nisan no den astronomesche Berechnunge vum Neimound. Awer am 1. Joerhonnert war dat net esou. Deemools huet de Mount Nisan ugefaangen, wann een d’Sichel vum Neimound déi éischte Kéier a Jerusalem gesinn huet. Doduerch konnt sech den Ufank vum Mount ëm een oder zwee Deeg no hanne verschiben. Dat ass ee vun de Grënn, firwat d’Gedenkfeier bei den Zeie vu Jehova net ëmmer op de selwechten Datum fält, ewéi d’Passafest bei de Judde vun haut.

f Kuckt A New Translation of the Bible, by James Moffatt; The New Testament—A Translation in the Language of the People, by Charles B. Williams; an The Original New Testament, by Hugh J. Schonfield.