Zeréck bei den Inhalt

Firwat feieren Zeie vu Jehova kee Gebuertsdag?

Firwat feieren Zeie vu Jehova kee Gebuertsdag?

 Mir feiere kee Gebuertsdag, well mir gleewen, datt dat Gott net gefält. An der Bibel gi Gebuertsdagsfeieren zwar net ausdrécklech verbueden, awer si hëlleft eis, d’Hannergrënn vu Gebuertsdagsfeiere kennen ze léieren an ze verstoen, wéi Gott doriwwer denkt. Betruechte mir dozou véier Punkten an déi dozou entspriechend Aussoen an der Bibel.

  1.   Gebuertsdagsfeieren hunn heednesch Wuerzelen. Laut dem Funk & Wagnalls Standard Dictionary of Folklore, Mythology, and Legend sinn esou Feieren aus dem Glaawen entstanen, datt „béis Geeschter déijéineg, déi Gebuertsdag hunn, ugräife kënnen.“ Dann heescht et: „D’Präsenz vu Frënn an d’Ausschwätze vu Gléckwënsch hëllefen deemjéinegen, dee Gebuertsdag huet, beschützt ze ginn.“ D’Buch The Lore of Birthdays seet, datt „am Altertum Gebuertsdeeg schrëftlech festgehale goufen, well dat wichteg war, fir en Horoskop ze erstellen“, wat zur „mystescher Léier vun der Astrologie“ gehéiert huet. Am Buch steet weider, datt d’Vollek gegleeft huet, datt „Gebuertsdagskäerze magesch Kräften haten, fir Wënsch ze erfëllen.“

     An der Bibel gi Magie, Warsagerei, Spiritismus an änleches ganz kloer verurteelt (5. Mose 18:14; Galater 5:19-21). Zum Beispill huet Gott déi al Stad Babylon ënner anerem dowéinst verurteelt, well Astrologie, eng Form vun der Warsagerei, do wäit verbreet war (Jesaja 47:11-15). Zeie vu Jehova beschäftegen sech net mat de Wuerzele vun all eenzelnem Brauch, awer wann d’Bibel kloer Hiweiser gëtt, ignoréiere mir si nët.

  2.   Déi éischt Chrëschten hu kee Gebuertsdag gefeiert. Am Wörterbuch der deutschen Volkskunde heescht et: „An der Zäit vum Urchrëschtentum gouf de Gebuertsdag als en heednesche Brauch ugesinn.“ D’Bibel seet ganz kloer, datt sech all Chrëscht un den Apostelen a Jünger, déi vu Jesus selwer beléiert goufen, e Beispill huele sollten (2. Thessalonicher 3:6).

  3.   Déi eenzeg Feier, déi fir Chrëschte festgeluecht gouf, ass kee Gebuertsdag, mee en Doudesdag – nämlech dee vu Jesus (Lukas 22:17-20). Dat iwwerrascht eigentlech net, well an der Bibel steet: „Der Tag des Todes ist besser als der Tag, an dem man geboren wird“ (Prediger 7:1). Jesus huet sech wärend sengem ganze Liewen e gudden Numm bei Gott gemaach; domat war säin Doudesdag méi wichteg ewéi säi Gebuertsdag (Hebräer 1:4).

  4.   An der Bibel steet néierens, datt een, dee Gott déngt, e Gebuertsdag gefeiert hätt. Dat ass net einfach vergiess ginn, well d’Bibel bericht vun zwou Gebuertsdagsfeieren, awer dës sinn allkéiers vu Persoune gefeiert ginn, déi net u Jehova gegleeft hunn. A béid ginn an engem negative Kontext erwäänt (1. Mose 40:20-22; Markus 6:21-29).

Wat ass mat de Kanner vun den Zeie vu Jehova? Hunn si d’Gefill, eppes ze verpassen, well si kee Gebuertsdag feieren?

 Wéi all gutt Eltere weisen och Zeie vu Jehova hire Kanner d’ganzt Joer iwwer hir Léift – dozou gehéieren och Kaddoen a Partyen. Si beméien sech, dat perfekt Beispill vun hirem Gott ze imitéieren, dee senge Kanner och ëmmer ërem gäre Kaddoe mécht (Matthäus 7:11). Dofir hunn d’Kanner vun den Zeie vu Jehova net dat Gefill, eppes ze verpassen, ewéi eis déi follgend Kommentarer weisen:

  •   „Et ass vill méi schéin e Kaddo ze kréien, wann ee guer net domat rechent.“ (Tammy, 12)

  •   „Fir mäi Gebuertsdag kréien ech keng Kaddoen, awer meng Eltere schenke mir bei villen anere Geleeënheeten eppes. Dat hunn ech léiwer, well si mech da wierklech iwwerraschen.“ (Gregory, 11)

  •   „10 Minutten, e bëssi Kuch an e Lidd, dat soll eng Party sinn? Du muss emol bei eis heemkommen. Da gesäis de, wat eng richteg Party ass!“ (Eric, 6)