Zeréck bei den Inhalt

Wat ass d’Leedend Kierperschaft vun den Zeie vu Jehova?

Wat ass d’Leedend Kierperschaft vun den Zeie vu Jehova?

 D’Leedend Kierperschaft ass e klenge Grupp vu räife Chrëschten, déi d’Zeie vu Jehova op der ganzer Welt leet. Si huet haaptsächlech zwou Aufgaben:

 D’Leedend Kierperschaft hält sech un d’Muster vun den „Apostelen an Ältesten“ a Jerusalem, déi deemols am éischte Joerhonnert wichteg Entscheedunge fir déi ganz Chrëschteversammlunge getraff hunn (Apostelgeschichte 15:2). Genee wéi deemools sinn och haut dës Männer vun der Leedender Kierperschaft net d’Cheffe vun eiser Organisatioun. Si loossen sech vun der Bibel leeden an erkennen un, datt Jehova sengem Jong Jesus Christus d’Verantwortung iwwer d’Versammlungen uvertraut huet (1. Korinther 11:3; Epheser 5:23).

Wie gehéiert zu der Leedender Kierperschaft?

 Zu der Leedender Kierperschaft gehéieren de Kenneth Cook, Jr., Gage Fleegle, Samuel Herd, Geoffrey Jackson, Jody Jedele, Stephen Lett, Gerrit Lösch, Jacob Rumph, Mark Sanderson, David Splane, an Jeffrey Winder. Si huet hire Sëtz an eiser Weltzentral zu Warwick (New York, USA).

Wéi ass d’Leedend Kierperschaft organiséiert?

 Et goufe sechs Kommiteeë gegrënnt. Jiddwer Kommitee këmmert sech ëm aner Aufgaben. All Member vun der Leedender Kierperschaft ass a mindestens engem vun dëse Kommiteeë vertrueden.

  •   Koordinatorekommitee: Huet d’Opsiicht iwwer rechtlech Ugeleeënheeten, gëtt aktiv bei Katastrophen an och bei Virfäll, wou Zeie vu Jehova wéinst hirem Glawe verfollegt ginn, a bei aner dréngende Fäll, déi Zeie vu Jehova betreffen.

  •   Personalkommitee: Këmmert sech ëm d’Bedierfnesser vun de Bridder a Schwësteren am Bethel.

  •   Verlagskommitee: Këmmert sech ëm d’Produktioun, de Versand vu bibelescher Literatur an ëm de Bau vu Kinnekräichssäll, Iwwersetzungsbüroen an Zweigbüroen.

  •   Déngschtkommitee: Huet d’Opsiicht iwwer d’Priedege vun der „gudder Noriicht vum Kinnekräich“ (Matthäus 24:14).

  •   Léierkommitee: Ass verantwortlech fir de bibelesche Léierprogamm an de Versammlungen, fir Schoulen an och fir den Inhalt vun Audio- a Videomaterial.

  •   Schreifkommitee: Ass verantwortlech fir den Inhalt vun eiser Website esou wéi de Publikatiounen a gedréckter Form, a këmmert sech ëm alles, wat mat der Iwwersetzung ze dinn huet.

 Dobäi kënnt och nach, datt d’Leedend Kierperschaft eemol an der Woch zesummekënnt, fir déi aktuell Bedierfnesser vun der Organisatioun ze beschwätzen. Bei dëse Meetinge steet d’Bibel am Vierdergrond. Si alleguer loosen sech bewosst vum hellege Geescht leeden, fir zu enger eestëmmeger Entscheedung ze kommen (Apostelgeschichte 15:25).

Wie sinn déi, déi der Leedender Kierperschaft hëllefen?

 Et si vertrauenswierdeg chrëschtlech Männer, déi d’Kommiteeën vun der Leedender Kierperschaft ënnerstëtzen (1. Korinther 4:2). Si hunn Erfarung an och Fäegkeeten, déi si an deene jeeweilege Kommiteeën asetzen. Ausserdeem sinn si bei de wéchentleche Meetinge vun hirem Kommitee dobäi. Owuel si keng Decisiounen huelen, ginn si Rotschléi a wichteg Informatioune weider. Si setzen d’Entscheedunge vun hirem Kommitee ëm a behalen d’Fortschrëtter an d’Resultater dovun am A. Si kënnen och vun der Leedender Kierperschaft a bestëmmten Deeler vun der Welt geschéckt ginn, fir hir Glawensbridder ze besichen oder bei besonneschen Evenementer um Programm deelzehuelen, wéi zum Beispill d’Joeresversammlung oder d’Diplomiwwerreechung vun der Gileadschoul.

LËSCHT VUN DEENEN, DÉI AN DE KOMMITEEËN HËLLEFEN

Kommitee

Numm

Koordinatorekommitee

  • Ekrann, John

  • Gillies, Paul

  • Snyder, Troy

Personalkommitee

  • Grizzle, Gerald

  • LaFranca, Patrick

  • Molchan, Daniel

  • Scott, Mark

  • Walls, Ralph

Verlagskommitee

  • Butler, Robert

  • Corkern, Harold

  • Glockentin, Gajus

  • Gordon, Donald

  • Luccioni, Robert

  • Reinmueller, Alex

  • Sinclair, David

Déngschtkommitee

  • Breaux, Gary

  • Dellinger, Joel

  • Georges, Betty

  • Griffin, Anthony

  • Hyatt, Seth

  • Mavor, Christopher

  • Perla, Baltasar, Jr.

  • Smith, Jonathan

  • Turner, William, Jr.

  • Weaver, Leon, Jr.

Léierkommitee

  • Banks, Michael

  • Curzan, Ronald

  • Flodin, Kenneth

  • Malenfant, William

  • Noumair, Mark

  • Schafer, David

Schreifkommitee

  • Ahladis, Nicholas

  • Christensen, Per

  • Ciranko, Robert

  • Godburn, Kenneth

  • Mantz, James

  • Marais, Izak

  • Martin, Clive

  • Myers, Leonard

  • Smalley, Gene

  • van Selm, Hermanus