Zeréck bei den Inhalt

Si bei den Zeie vu Jehova munch Filmer, Bicher oder Lidder verbueden?

Si bei den Zeie vu Jehova munch Filmer, Bicher oder Lidder verbueden?

 Nee. Eis Organisatioun stellt keng Lëscht op mat Filmer, Bicher oder Lidder, déi verbuede sinn. Firwat net?

  D’Bibel ermontert jiddereen dozou, säin eegene Verstand esou ze trainéieren, datt ee selwer léiert ze entscheeden, wat richteg oder falsch ass (Hebräer 5:14).

  D’Bibel deelt eis Grondprinzippie mat, déi engem Chrëscht hëllefen, eng gutt Auswiel ze treffen, wann et dorëm geet, mat wat een sech a senger Fräizäit beschäftegt. a Wéi an allen anere Beräicher vum Liewen, ass och hei eis d’Zil: “Préift wat dem Här gefält.” (Epheser 5:10, BFL).

  Wéi d’Bibel seet, huet e Familljepapp eng gewëssen Autoritéit ze entscheeden, wat fir eng Aart vu Fräizäit seng Famill évitéiere soll (1. Korinther 11:3; Epheser 6:1-4). Mee wann et net ëm déi eege Famill geet, huet een net dat Recht, aneren an der Versammlung virzeschreiwen, wat fir eng Filmer, Lidder a Kënschtler akzeptabel sinn oder net (Galater 6:5).

a Zum Beispill verurteelt d’Bibel alles, wat vu Spiritismus, sexueller Onmoral oder Gewalt gepräägt ass (5. Mose 18:10-13; Epheser 5:3; Kolosser 3:8).