Wat gleewen Zeie vu Jehova?
Als Zeie vu Jehova hale mir eis esou enk wéi méiglech un dat, wat Jesus geléiert huet, esou wéi seng Apostelen dat och gemaach hunn. Dësen Artikel resuméiert eis Haaptglawensusiichten.
Gott. Mir bieden den eenzeg richtegen an allmächtege Gott un, deen alles gemaach huet. Säin Numm ass Jehova (Psalm 83:18; Offenbarung 4:11). Hien ass och de Gott vum Abraham, Moses a Jesus (2. Mose 3:6; 32:11; Johannes 20:17).
Bibel. Fir eis ass d’Bibel d’Noriicht vu Gott un d’Mënschen (Johannes 17:17; 2. Timotheus 3:16). Eise Glawe baséiert op all 66 Bicher vun der Bibel, d.h. souwuel op dat „Aalt Testament“, wéi och op dat „Neit Testament“. E Professer fir Reliounswëssenschaften, den Jason D. BeDuhn, huet iwwer Zeie vu Jehova geschriwwen, datt si „ihre Glaubenslehre und -praxis auf dem reinen Bibelwort aufbauen, ohne etwas hineinlesen zu wollen“. a
Fir eis zielt alles, wat an der Bibel steet. Awer dofir si mir keng Fundamentalisten. Mir sinn eis bewosst, datt verschidden Deeler aus der Bibel symbolesch ze verstoe sinn, also net wuertwiertlech gemengt sinn (Offenbarung 1:1).
Jesus. Mir halen eis un d’Léieren an un d’Beispill vu Jesus Christus. Mir erkennen hien als eise Retter un an als Gott säi Jong (Matthäus 20:28; Apostelgeschichte 5:31). Mir sinn also Chrëschten (Apostelgeschichte 11:26). Awer mir gleewen net, datt Jesus den allmächtege Gott ass. An et gëtt och keng bibelesch Basis fir d’Léier vun der Dräieenegkeet (Johannes 14:28).
Gott säi Räich. Gott säi Kinnekräich ass eng reell Regierung am Himmel, net iergendeppes an eis oder an eisem Häerz. Duerch dëst Räich ginn all Regierungen op der Äerd ersat an esou setzt Gott dat ëm, wat hie fir d’Äerd virgesinn huet (Daniel 2:44; Matthäus 6:9, 10). Geschwënn ass et esou wäit, well d’Bibel weist kloer, datt mir an deenen „leschten Deeg“ liewen (2. Timotheus 3:1-5; Matthäus 24:3-14).
Jesus ass de Kinnek vun dësem Räich am Himmel. Hie regéiert zënter 1914 (Offenbarung 11:15).
Rettung. Nëmme well Jesus fir eis gestuerwen ass, kënne mir vu Sënn an Doud befreit ginn (Matthäus 20:28; Apostelgeschichte 4:12). Fir gerett ze ginn, muss een u Jesus gleewen, awer och säi Liewen änneren a sech deefe loossen (Matthäus 28:19, 20; Johannes 3:16; Apostelgeschichte 3:19, 20). Duerch dat, wat ee mécht, weist een, ob säi Glawen echt ass (Jakobus 2:24, 26). Allerdéngs ka keen sech d’Rettung verdéngen. Mir sinn op „d’onverdéngte Guttheet“ vu Gott ugewisen (Galater 2:16, 21).
Den Himmel. Jehova Gott, Jesus Christus an déi trei Engele liewen am Himmel b (Psalm 103:19-21; Apostelgeschichte 7:55). Eng relativ kleng Unzuel vu Mënschen, nämlech 144 000, kommen no hirem Doud an den Himmel a regéieren da mat Jesus zesummen a Gott sengem Kinnekräich (Daniel 7:27; 2. Timotheus 2:12; Offenbarung 5:9, 10; 14:1, 3).
D’ Äerd. Gott huet d’Äerd erschaf, fir datt d’Mënsche fir ëmmer kënnen drop liewen (Psalm 104:5; 115:16; Prediger 1:4). Wie sech u Gott seng Geboter hält, kritt vun him perfekt Gesondheet an éiwegt Liewen am Paradis op der Äerd (Psalm 37:11, 34).
De Misär an dat Béist. Dat huet domat ugefaangen, wéi een Engel vu Gott rebelléiert huet (Johannes 8:44). Dësen Engel, deen dono Satan oder Däiwel genannt gouf, huet déi éischt zwee Mënschen och dozou bruecht géint Gott ze rebelléieren - mat katastrophale Konsequenze fir hir Nokommen (1. Mose 3:1-6; Römer 5:12). Domat huet Satan grondsätzlech Froen opgeworf. Fir déi ze klären, léisst Gott dat Béist fir eng gewëssen Zäit zou. Awer hien toleréiert de Misär an dat Béist net fir ëmmer. Et hält eng Kéier op.
Den Doud. Wann ee stierft, dann hält een op ze existéieren (Psalm 146:4; Prediger 9:5, 10). Kee gëtt an enger Häll gequält.
Awer Milliarde Mënsche kréie vu Gott eng Operstéiung (Apostelgeschichte 24:15). Wien dann net op Gott lauschtere wëllt, gëtt fir ëmmer vernicht - ouni Aussiicht jeemools nach eng Kéier ze liewen (Offenbarung 20:14, 15).
D’Famill. Mir halen eis un dat, wat Gott vun Ufank u fir d’Bestietnes virgesinn huet: e Mann an eng Fra. Den eenzege valabele Grond fir eng Scheedung si sexuell Bezéiungen ausserhalb vum Bestietnes (Matthäus 19:4-9). Mir sinn dovun iwwerzeegt, datt d’Prinzippie vun der Bibel zum Gléck an der Famill bäidroen (Epheser 5:22 bis 6:1).
Eisen Déngscht fir Gott. Mir veréiere weder d’Kräiz nach aner Symboler, Biller oder Figuren (5. Mose 4:15-19; 1. Johannes 5:21). Zu eisem Déngscht fir Gott gehéieren ënner anerem:
Zu Gott bieden (Philipper 4:6)
D’Bibel liesen a studéieren (Psalm 1:1-3)
Iwwer dat nodenken, wat mir an der Bibel léieren (Psalm 77:12)
Eis versammele fir zesummen ze bieden, d’Bibel ze studéieren, ze sangen, mat aneren iwwer eise Glawen ze schwätzen an eis géigesäiteg Courage ze maachen (Kolosser 3:16; Hebräer 10:23-25)
Déi „gutt Noriicht“ vum Kinnekräich priedegen (Matthäus 24:14)
Kinnekräichssäll an aner Gebäier bauen an an der Rei halen, déi mir fir eise weltwäite bibelesche Léierprogramm gebrauchen (Psalm 127:1)
Katastrophenhëllef leeschten (Apostelgeschichte 11:27-30)
Eis Organisatioun. Mir sinn a Versammlungen organiséiert, déi jeeweils vun enger Ältestenschaft geleet ginn. D’Älteste sinn elo keng gehuewe Klass vu Geeschtlechen a ginn och net bezuelt (Matthäus 10:8; 23:8). Bei eis gëtt ee keen Zéngtel of an et gëtt och keng Kollekt gemaach (2. Korinther 9:7). Mir ginn nëmmen duerch anonym fräiwëlleg Spende finanzéiert.
D’Leedend Kierperschaft, eng kleng Grupp vu qualifizéierte Chrëschten, huet hire Sëtz an der Weltzentral an iwwerhëlt d’Féierung vun den Zeie vu Jehova weltwäit (Matthäus 24:45).
Eis Eenheet. Op der ganzer Welt gleewe mir dat selwecht (1. Korinther 1:10). Egal vu wou mir kommen, maache mir alles fir eis net duerch sozial, ethnesch oder gesellschaftlech Ënnerscheeder splécken ze loossen (Apostelgeschichte 10:34, 35; Jakobus 2:4). Trotz eiser Eenheet kënne mir eis perséinlech entfalen. All Zeie vu Jehova trëfft seng eegen Entscheedungen, baséiert op sengem bibelesch geschoultem Gewëssen (Römer 14:1-4; Hebräer 5:14).
Eist Behuelen. Mir probéieren ëmmer an iwwerall Nächsteléift ze weisen (Johannes 13:34, 35). Mir wëllen näischt maachen, wat Gott net gefält, z.B. de Mëssbrauch vu Blutt duerch Transfusiounen (Apostelgeschichte 15:28, 29; Galater 5:19-21). Mir si friddlech Mënschen a mir bedeelegen eis net um Krich (Matthäus 5:9; Jesaja 2:4). Mir respektéieren d’Regierung vun eisem Land an halen eis un hir Gesetzer, soulaang dës net géint Gott seng Geboter ginn (Matthäus 22:21; Apostelgeschichte 5:29).
Eis Relatioun mat aneren. Jesus huet dat Gebot ginn: „Du solls däin Nächsten esou gären hunn, wéi dech selwer“. Hien huet och gesot, datt d’Chrëschten „keen Deel vun der Welt“ solle sinn (Matthäus 22:39; Johannes 17:16). Mir wëllen also „jidderengem Guddes doen“, bleiwen awer wat Politik ugeet strikt neutral a vermëschen eis net mat anere Reliounen (Galater 6:10; 2. Korinther 6:14). Selbstverständlech respektéiere mir dobäi d’Decisioune vun aneren (Römer 14:12).
Wann Dir nach weider Froen iwwer Zeie vu Jehova oder hir Glawensusiichten hutt, kënnt Dir méi Informatiounen op eiser Websäit fannen. Dir kënnt ee vun eisen Haaptbüroe kontaktéieren, e Kinnekräichssall an Ärer Géigend besichen oder einfach en Zeie vu Jehova aus Ärer Noperschaft uschwätzen.
a Kuckt d’Buch Truth in Translation, Säit 165.
b Béis Engele sinn aus dem Himmel gehäit ginn, awer si existéieren ëmmer nach an engem onsichtbare Beräich (Offenbarung 12:7-9).